William Ward
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel zum Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
William Ward William Webster ëm 1560 – 15. Juli 1641 |
||||||||
(nach kee Bild) | ||||||||
Detailer | ||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
De William Ward, gebuer ëm 1560 bei Thornby (Westmoreland) als William Webster, ass als Protestant opgewuess a spéider Schoulmeeschter ginn. Hien ass mat engem kathoulesche Frënd a Spuenie gereest wou hien sech zum Katholizismus bekéiere gelooss huet. En ass e puer Kéieren an de Prisong komm well hie säi Glawe gepriedegt huet.
Fir Priester ze ginn ass hien mat iwwer 40 Joër op Douay an der Belsch gaang, wou en de 18. September 1604 ukomm ass. Den 16. Dezember 1605 huet de William seng nidder Wei kritt, d'Wei zum Subdiakon de 26. Oktober 1607, zum Diakon den 31. Mee 1608 a seng Priesterwei den Dag drop. Vun do unn huet hien och de Numm William Ward ugeholl.
De 14. Oktober 1608 huet en sech op de Wee fir zréck an England gemaach, ass awer mam Schëff ofgedriwwe ginn an un der schottescher Küst geland, wou e verhaft gouf a fir 3 Joër an de Prisong koum. No senger Fräiloossung ass en dunn endlech op London gaang wou en 30 Joër geschaft huet, 20 dovun a Prisongen als Confesseur. Heemlech huet hien och der kathoulescher Populatioun an den Aarmen am allgemenge gehollef.
D'Parlament zu London huet den 7. Abrëll 1641 eng Proklamatioun erausginn déi all Priester ënner Doudesstrof verbaant huet. De William huet awer refuséiert ze goen an ass duerfir de 15. Juli am Haus vu sengem Neveu verhaft ginn. Sechs Deeg méi spéit ass e viru Geriicht um Old Bailey komm, wou en och den 23. Juli veruerteelt gouf an an den Newgate Prisong komm ass.
Seng lescht Wieder virum Doud solle gewiescht sinn: "Jesus, Jesus, Jesus, receive my soul!" (Jesus huel meng Séil bei dech).