7. November
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 7. November ass den 311. Dag (312. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Okt – November – Dez | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 1659: Den Traité vun de Pyrenäen gëtt tëscht Frankräich a Spuenien ënnerschriwwen.
- 1972 Den US-amerikanesche President Richard Nixon gewënnt d'Presidentschaftswale géint säin Challenger George McGovern.
[Änneren] Gebuer
- 1820: Nicolas Martha, lëtzebuergesche Mathematiker, Matbegrënner an éischten Direkter vun der Spuerkeess.
- 1867: Maria Skłodowska-Curie, franséisch-polnésch Chemikerin a Physikerin; Nobelpräisdréierin.
- 1879: Leo Trotzki, russesche Revolutionär.
- 1903: Konrad Lorenz, éisträichesche Verhalensfuerscher a Nobelpräisdréier.
- 1941: Fränz Hulten, lëtzebuergesche Moler, Zeechner a Karikaturist.
- 1942: André Vingt-Trois, franséische Bëschof.
- 1969: Hélène Grimaud, franséisch Pianistin.
[Änneren] Gestuerwen
- 739: Willibrord, Missionnär vun de Frisen.
- 1823: Rafael del Riego, spuenesche Generol a Politiker.
- 1923: Joseph Beffort, lëtzebuergeschen Typograf, Drécker, Editeur a Libraire.
- 1944: Richard Sorge, däitsche Journalist a Spioun fir d'Sowjetunioun an der Zäit vum Zweete Weltkrich.
- 1980: Steve McQueen, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 1992: Alexander Dubček, tschechesche Politiker.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |