Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 2. November ass den 306. Dag (307. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1570: En Orkan am Nordmier léisst d'Däicher vun Holland bis Jütland briechen. Dausende Leit kommen duerch d'Waasser ëm.
- 1721: De Péiter den Groussen gëtt zu Sankt Péitersbuerg zum Zar ausgeruff.
- 1789: Frankräich: Verstaatlechung vum Kierchebesëtz (Säkularisatioun).
- 1793: Frankräich: Krich an der Vendée: Eruewerung vu Mayenne duerch d'Vendéens.
- 1914: Groussbritannien déklaréiert déi ganz Nordséi als Krichsgebitt an déclaréiert dobäi eng Wirtschaftsblockad géint dat däitscht Räich.
- 1917: De briteschen Ausseminister Arthur James Earl of Balfour versprëcht der jiddescher Bevëlkerung déi dee Moment a Palestina ënner britescher Verwaltung wunnen, en eegene Staat.
- 1975: Um Fluchhafe Findel zu Lëtzebuerg gëtt di nei Aérogare ageweit.
- 1976: Mat 51 Prozent vun de Stëmmen gewënnt den Jimmy Carter géint de President a Republikaner Gerald Ford, den Nofolger vum Richard Nixon, a gëtt Präsident.
- 1999: De franséische Finanz- an Wirtschaftsminister Dominique Strauss-Kahn fält iwwert seng Verwécklung an e Fälschungsskandal a gëtt op.
- 2004: Den George W. Bush gëtt matt 51 % vun de Stëmmen (géint 49 % fir den John Kerry) als President erëmgewielt.
- 1755: Marie-Antoinette vun Éisträich, Kinnigin vu Frankräich.
- 1772: Johann Ladislaus Pyrker von Felsö-Eör, éisträichesche Schrëftsteller.
- 1803: François Auguste Tinant, lëtzebuergesche Botaniker.
- 1882: Mathias Esch, lëtzebuergesche Literaturkritiker a Schrëftsteller.
- 1905: Colin Clark, engleschen Economist.
- 1906: Bengt Edlén, schwedeschen Astrophysiker.
- 1906: Luchino Visconti, italiéineschen Theater- a Filmregisseur, Auteur a Choreograph.
- 1932: Stéphane Audran, franséisch Schauspillerin.
- 1939: Richard Serra, amerikanesche Skulpteur.
- 1942: Shere Hite, US-amerikanesch-däitsch Sexualfuerscherin.
- 1944: Patrice Chéreau, franséische Régisseur.
- 1976: Raquel Barreira, portugisesch Sängerin.