Alexis Heck
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Tourismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Alexis Heck, gebuer den 18. Februar 1830 zu Dikrech an do gestuerwen de 6. Februar 1908, war en Hotelbesëtzer an an der Mëtt vum 19. Joerhonnert e Pionéier vum Tourismus zu Lëtzebuerg.
Hien huet zu London an zu Antwerpen Plakater ophänke gelooss, fir Reklamm fir Lëtzebuerg ze maachen, an 1890 en Touristeguide op Englesch drécke gelooss, The Grand Duchy of Luxembourg: A short Handbook for Travellers.
No him genannt ass de Lycée Technique Hôtelier Alexis Heck, déi sougenannten Hotelsschoul zu Dikrech.
Och e Cocktail dréit säin Numm.
Hei d'Ingredienzen:
- 4 cl Cognac
- 2 cl Grand Marnier
- 2 cl Père Blanc
- 2 cl Cinzano Dry (Wermut).
[Änneren] Literatur
- Aloyse David, Marc Weydert: Alexis Heck, Begründer des Luxemburger Tourismus.
- Jeck Marc, "Alexis Heck - der ideale Hotelier. Am 6. Februar 1908 starb der Vater des Luxemburger Tourismus im Alter von 77 Jahren in seiner Heimatstadt Diekirch", in: Die Warte, Année 60 (2008), no.2209 vom 31. Januar 2008, Seite 11, ill.