ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Kinnekräich Makedonien - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Kinnekräich Makedonien

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Dësen Artikel beschäftegt sech mam griichesche Kinnekräich Makedonien. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Makedonien.
Makedonien (Μακεδονία)
Regiounen a Stied am antike Makedonien
Regiounen a Stied am antike Makedonien
(Déi al an déi modern Regioun)

D'Kinnekräich Makedonien war en antike Staat op der Balkanhallefinsel, deen tëscht der Mëtt vum 7. Joerhonnert an 168 v. Chr. existéiert huet.

Nom Alexander dem Grousse war Makedonien den Ursprong vun der Expansioun vum Hellenismus an Asien um Enn vum 4. Joerhonnert v. Chr. Hautzudags läit dat alt Kinnekräich am Nordoste vu Griicheland an der Regioun Makedonien.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

[Änneren] Urspréng

Déi antik Makedonier hu scho virum klasseschen Zäitalter am Süde vu Makedonien gewunnt. Den éischte makedonesche Staat ass am 8./7. Joerhonnert v. Chr. ënner den Argeaden entstanen. Als éischte Kinnek gouf de Perdikkas I. notéiert. An der Zäit vum Alexander I. vu Makedonien huet d'Land eng Expansioun an Eordaia, Bottiaia, Pieria, Mygdonia an Almopia materlieft. An der Géigend vun der moderner Stad Veria huet de Perdikkas I. (oder säi Jong Argaios I.) seng Haaptstad Aigai baue gelooss (heitegt Vergina).

Sonn vu Vergina, d'Symbol vum makedonesche Kinnekräich.
Sonn vu Vergina, d'Symbol vum makedonesche Kinnekräich.

No enger kuerzer Period ënner perserscher Herrschaft ënner dem Dareios huet de Staat seng Onofhängegkeet ënner dem Kinnek Alexander I. (495450) nees zeréckgewonnen. Virum 4. Joerhonnert v. Chr. wat d'Kinnekräich ongeféier esou grouss, wéi déi heiteg griichesch Regioun Makedonien. An dëser Period gouf d'Land och staark helleniséiert.

Ënner dem Kinnek Amyntas III. (ca. 393370) koum ët zu enger Unifikatioun vum Kinnekräich, och wann ët nach ëmmer staark Kontraster tëscht dem räiche Küstegebitt an dem isoléierten Hannerland gouf, wat mam Kinnek duerch Bestiednisser alliéiert war. Den Amynstas hat dräi Jongen; déi éischt zwee, den Alexander II. an de Perdikkas III. hunn nëmme fir eng kuerz Zäit regéiert. Dem Perdikkas III. säin Ierwen a Jong, den Amyntas IV. war mannerjäreg wéi säi Papp gestuerwen ass, an esou koum de Philippe II., Brudder vum Amyntas III. op den Troun, an huet Makedonien an eng Period vun Dominanz iwwer Griicheland gefouert.

[Änneren] D'Expansioun

Philippe II., Kinnek vu Makedonien.
Philippe II., Kinnek vu Makedonien.

Ënner dem Philippe II. (359336), huet sech den Territoire vu Makedonien op Deeler a Paionia, Thrakien an Illyrien erweidert. Niewt aneren Eruewerungen huet de Philippe II. d'Regioune vu Pelagonia an de Süde vu Painoia annektéiert1.

Makedonien huet sech politesch an de südlech-zentrale Poleis vum ale Griicheland agemëscht, mee hat och archaiesch Deeler wéi d'Palais-Kultur zu Aigai a Pella, déi éischter der mykenescher Kultur wéi der klassescher Kultur geglach hunn. De Philippe hat och méi wéi nëmmen eng Fra, zousätzlech zu der Mamm vum Alexander, der Olympias.

E weidert Relikt aus archaiescher Zäit war d'ierflech Monarchie, déi deelweis d'absolut Muecht hat, och wann e Géigegewiicht a Form vum Adel do war. Dëst war e grousse Kontrast zu der griichescher Kultur weider südlech, wou déi meeschte Poleis aristokratesch oder demokratesch Institutiounen haten ; d'de facto Monarchie vun den Tyrannen, wou d'Ierfschaft éischter eng Ambitioun wéi d'Regel war, an d'limitéiert Muecht vun de Kinneke vu Sparta waren aner Regierungsformen, déi dach staark verschidde vu Makedonien waren. Feudal Institutioune wéi d'Leifeegeschaft hunn a Makedonien nach laang iwwerdauert, an de griichesche Poleis goufe si ewell laang virum Opstig vu Makedonien ofgeschaf2.

  Méi doriwwer am Artikel Philippe II. vu Makedonienan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


D'Räich vum Alexander dem Groussen.
D'Räich vum Alexander dem Groussen.

Dem Philippe säi Jong Alexander (356323 v. Chr.) konnt d'makedonesch Muecht wäit iwwer d'Grenze vu Griicheland eraus verbreeden, ënner anerem am Perserräich, an Egypten a bis un d'Grenze vun Indien. Den Alexander huet d'Gouvernementer vun den Territoiren, déi hien eruewert hat, ugeholl, an d'griichesch Kultur an d'Sprooch huet sech am ganze Räich verbreet3. Kuerz no sengem Doud ass d'Räich a vill kleng hellenistesch Kinnekräicher zerfall4, allerdéngs huet dëst net verhënnert, datt den Alexander eng grouss Ierfschaft hannerlooss huet, déi d'hellenistesch Period agelaut huet.

  Méi doriwwer am Artikel [[]]an den Artikelen Alexander de Groussen an Diadochekricheran den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


Obschonns d'ganzt Räich ënner de Genereel vum Alexander opgedeelt gi war, de sougenannten Diadochen, ass Makedonien e wichtegen an ëmstriddenen Territoire bliwwen. Den Antipatros a säi Jong Kassander konnten d'Muecht fir eng Zäit u sech rappen, mee nom Kassander sengem Doud 297 v. Chr. koum ët op en Neits zu Onrouen. Eng Zäit war den Demetrios I. Poliorketes um Troun (294288) mee d'Land ass an de Biergerkrich gefall.

Dem Demetrios säi Jong Antigonos II. Gonatas (277239) konnt d'Uerdnung an de Wuelstand nees hirstellen, a sech och géint d'Galater behaapten, mee huet awer d'Kontroll iwwer vill griichesch Poleis verluer. Hien huet eng stabil Monarchie op d'Bee gestallt, an de Grondsteen fir d'Dynastie vun den Antigonide geluegt. Säin Nofolger Antigonos III. (239221) konnt dorobber opbauen, mee déi nei Muecht war vu kuerzer Dauer, d'Réimer stounge scho virun der Dir.

[Änneren] Néierlag géint Roum

D'Kinnekräich vum Philippe V. ëm 200 v. Chr.
D'Kinnekräich vum Philippe V. ëm 200 v. Chr.

D'Herrschaft vun de leschte Kinneke vu Makedonien war e Kampf ouni Enn géint Roum, wat ëmmer méi mächteg ginn ass.

De Philippe V. war en energesche Monarch, dee fir d'éischt an engem Krich tëscht den Aitolier an den Achaier, dem Krich vun den Alliéierten, deen 217 v. Chr. op en Enn gaangen ass. Am éischte makedonesch-réimesche Krich war de Philippe V. den Alliéierte vum Hannibal, d'Resultat war datt Illyrien tëscht Roum a Makedonien 205 v. Chr. opgedeelt ginn ass.
Am zweete makedonesch-réimesche Krich war bal ganz Griicheland an enger Allianz mat Roum, an d'makedonesch Phalanx huet sech zu Kynoskephalai 197 misse geschloe ginn. E Joer drop huet Roum dem Philippe V. de Friiden opgezwongen, an hien huet op Griicheland an Thessaloniki misse verzichten.

De Perseus huet de Krich weidergefouert, mee hat net déiselwecht Qualitéite wéi säi Papp. Den drëtte Krich tëscht Roum a Makedonien huet mat engem Desaster opgehalen. Nodeems d'Makedonier bei Pydna 168 geschloe goufen, gouf de Perseus vum réimesche Generol Lucius Aemilius Paullus Macedonicus gefaange geholl, an op Roum verschleeft.

149/148 v. Chr. koum ët zu enger véierter Ausernanersetzung tëscht Roum a Makedonien duerch eng Revolt vum Andriskos. 142 v. Chr. huet e weideren Aventurier, dee sech Philippe genannt huet, versicht eng Revolt wéi déi vum Andriskos unzestëppelen, hat awer kee Succès. Hie gouf vum Lucius Tremellius festgeholl an zum Doud veruerteelt.

Makedonien gouf fir d'éischt a véier Distriker ënnerdeelt, an duerno zu enger réimescher Provënz am Joer 148 v. Chr., der Provënz Macedonia.

  Méi doriwwer am Artikel [[]]an den Artikelen [[]] an [[]]an den Artikelen Makedonesch-Réimesch Kricher, Macedonia an Réimescht Griichelandan den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] Literatur zum Thema

  • Eugène Cavaignac, Histoire de l'Antiquité. III, La Macédoine, Carthage et Rome (330-107), Fontemoing, Paräis, 1914.
  • Ernst Curtius, Histoire grecque. V, La Macédoine et la Grèce, Ernst Leroux, Paräis, 1883.
  • Miltiade B. Hatzopoulos, Philippe de Macédoine, Ekdotike athenon, Athen, 1992. (ISBN 960-213-250-7)
  • Pierre Juhel, L'armée du royaume de macédoine à l'époque hellénistique (323-148 av. J.-C.), Thes op der Universitéit Paris IV Sorbonne ënner der Direktioun vum André Laronde, 2007.
  • Georges Le Rider, Alexandre le Grand, PUF, Paräis, 2003. (ISBN 2-13-052940-2)
  • Geneviève Rives-Gal, Funérailles, politique et idéologie monarchique dans le royaume de Macédoine de Philippe II à Demetrios Poliorcete (336-283 av.J.C.), Presses universitaires du Septentrion, Villeneuve d'Asq, 2003. (ISBN 2-284-00619-1)
  • Stephen V. Tracy, Athens and Macedon : Attic letter-cutters of 300 to 229 B.C., Berkeley, London, 2003. (ISBN 0-520-23333-6)

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Makedonien – Biller, Videoen oder Audiodateien

[Änneren] Notizen a Referenzen

1: Haut d'Distrikter Monastir/Bitola a Gevgelija a Mazedonien.
2: Besonnesch duerch den athenesche Legislateur Solon mat senge berühmte σεισάχθεια Seisachtheia Gesetzer.
3: Vgl. Hellenismus.
4: Vgl. Diadochekricher.

Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia zum antike Griicheland.
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com