ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Hellegt Réimescht Räich, méi spéit Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun war déi offiziell Bezeechnung fir dat Räich, wat sech 962, mat der Regence vum Otto I., aus dem karolingischen Ostfrankeräich erausgebilt a bis 1806 bestanen huet.

D'Formel Imperium Romanum (Réimescht Räich) huet schonn zum Keesertitel vum Karel de Groussen gehéiert. Eréischt zur Zäit vum Keeser Friedrich I., 1157, ass den Zousaz Sacrum ("Helleg") am Keesertitel opgedaucht.

Zënter dem Keeser Karl IV. ass den Ausdrock Sacrum Imperium Romanum ("Hellegt Réimescht Räich") (1254 fir d'éischt beluecht) opgetrueden. 1438 begéint ee fir d'éischt den Zousaz Nationis Germanicae ("vun Däitscher Natioun"). 1486 gouf dësen Titel fir d'éischt an engem Gesetz gebraucht.

Op Drock vum Napoléon Bonaparte huet de Keeser Franz II. de 6. August 1806 d'Räichskroun niddergeluecht a gläichzäiteg dat aalt Räich opgeléist.


Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Charakter vum Räich

Den Numm erhieft den Usproch, engersäits de Nofolger vum (antiken) Réimesche Räich an domat den Herrscher vun der Welt ze sinn an anerersäits gëtt dësen Usproch an d'Hellegt gehuewen, vu wou déi ierdesch Herrschaft ofgeleet a legitiméiert gëtt.

Dat sougenannten Hellegt Réimescht Räich war aus dem ostfränkesche Räich, dat och Regnum Teutonicorum ("Kinnekräich vun den Däitschen") genannt ginn ass, entstanen. Dëst Räich huet sech zesummegesat aus verschiddene Gebidder mat adlegen Herrscher. Et huet dee ganzen däitsche Sproochraum ageschloss ouni sech awer zu engem Nationalstaat wéi z.B. Frankräich oder Groussbritannien ze entwéckelen (wat och net gewënscht war).

D'Kinneken an d'Keesere hu meeschtens aus Prënzenhaiser aus dem Räich gestaamt. Am Mëttelalter huet d'Räich quasi aus autonome Prënzen- an Herzogtümer bestanen, déi de Keeser als Chef vum Räich unerkannt hunn. Hien ass vun engem Grupp vu geeschtlechen a weltleche Fürste bestëmmt ginn. Zënter dem Interregnum gouf hie vum Kollegium vun de Kurfürste gewielt.

D'Räich huet och Bevëlkerungsgruppe mat anere Sproochen a Kulturen ageschloss. Dofir huet z.B. och de Kinnek vu Béimen zum Krees vun de wielberechtegte Fürste gehéiert. Eréischt duerch d'kurfürstlech Decisioun an duerch d'Kréinung durch de Poopst ass de mëttelalterleche réimesch-däitsche Kinnek och Keeser ginn.

Zum Zäitpunkt vu senger gréisster Ausdehnung huet d'Räich déi folgend Gebidder ëmfaasst: Dee gréissten Deel vum heitegen Däitschland, Éisträich, Slowenien, d'Schwäiz, Liechtenstein, d'Belsch, Holland, Lëtzebuerg, Tschechien, den ëstlechen Deel vu Frankräich, de nërdlichen Deel vun Italien, de westlechen Deel vum heitege Polen an Istrien. Et hunn also net nëmmen Däitscher mat hire nidder-, mëttel- an uewerdäitschen Dialekten am Räich gelieft, mee och Mënschen déi slawesch Sproochen oder Sproochen aus deene sech dat modernt Italienesch oder Franséisch entwéckelt huet, geschwat hunn. Latäi war d'Sprooch vun de Geléierten a vum Klerus.

[Änneren] Struktur an Institutiounen

Et goufen e puer zentral Institutiounen, wéi de Räichsdag, d'Räichskammergeriicht, de Räichshaffrot an, am Krichsfall, d'Räichsarméi. Eng Räichsregierung an eng Räichshaaptstad gouf et net. D'Haaptstad war am Prinzip d'Residenzstad vum Keeser (joerhonnertelaang war dat Wien. Fir de Landfridden ze erhalen a fir militäresch Zwecker war d'Räich a Räichskreeser agedeelt.

1502 a vu 1520 bis 1522 ass versicht ginn, e Räichsregiment opzestellen. Aus finanzielle Grënn ass awer näischt draus ginn. Nom Westfälische Fridden 1648 war d'Räich nëmme méi e labbere Verband vun däitschen Territoirë mat der selwechter Justiz. De Voltaire huet de Geck gemaach: weder helleg, nach réimesch, a scho guer kee Räich. Eng Colaboratioun ass meeschtens duerch de Partikularismus vun de gréissere Fürsten an zulescht duerch den Dualismus Preisen-Éisträich net méiglech gewierscht.

[Änneren] Entstoe vum Numm

Mat der Kréinung vum Frankekinnek Karel de Groussen zum Keeser duerch de Poopst Leo III. am Joer 800 huet dësen den Usproch op d'Nofolleg vum antike réimeschen Imperium, dem sougenannten Translatio Imperii, erhuewen. Allerdengs war aus dem ale réimesche Räich schonn d'chrëschtlech-orthodoxt Byzantinescht Räich entstanen an, no Usiicht vun de Byzantiner, war dat neit westlecht Réimescht Räich illegitim a selwer ernannt.

Soulaang de Karel de Grousse gelieft huet konnt säi Frankeräich sech als Groussmuecht niewent Byzanz an dem Kalifat behaapten. Mee no sengem Doud ass e Géigesaz entstanen tëscht der germanescher Traditioun fir d'Räich ënnert de Jongen opzedeelen an de muechtpoliteschen a kierchlechen Interessien, d'Eenheet vum Räich bestoen ze loossen. D'Traditioun huet sech awer duerchgesat an d'Frankeräich ass an zwee Deeler zerfall: d'Westfrankeräich um Buedem vum heitege Frankräich an d'Ostfrankeräich, dem westlechen Deel vum heitegen Däitschland.

De Keesertitel ass am Ostfrankeräich bliwwe wéi den Otto I. de Groussen sech 962 zu Roum zum Keeser kréine gelooss huet. Zu dësem Zäitpunkt huet d'Räich nach net d'Prädikat helleg gedroen. Dat war och net noutwänneg well d'Muechtverhältnisser esou waren, datt de Keeser sech dem Muechtusproch vum Poopst entzunn hat. Ausserdeem ass de Keeser souwisou als Stellvertrieder Gottes ugesi ginn.

Nodeem déi sakral Sphär vum Keesertum duerch den Investitursträit (1075 - 1122) gréisstendeels opgehuewe gi war, hunn d'Keeseren dësen Usproch elo verbal fir sech reklaméiert. Sou ass während der Zäit vum Friedrich I., genannt Barbarossa, de Begrëff vum sacrum imperium entstanen. Vun elo un hunn d'Keesere sech op dat Réimescht Recht gestäipt fir hir Muechtuspréch ze begrënnen.

Am sougenannten Interregnum vun 1250 bis 1273, wéi et kengem vun deenen dräi gewielte Kinneke gelonge war fir d'Kinneksmuecht zur Geltung ze bréngen, huet den Usproch, de Nofolger vum Réimesche Räich ze sinn, sech mam Prädikat helleg verbonnen zur Bezeechnung Sacrum Romanum Imperium (lëtz.: Hellegt Réimescht Räich). Also ausgerechent an enger Zäit, wou et kee Keeser ginn ass.

Den Zousaz Nationis Germanicae ("Germanescher Natioun", awer iwersaat als "Däitscher (Teutonicae) Natioun") ass eréischt ëm 1450 entstanen, wahrscheinlech well d'Muecht vun de Keesere sech am weesentlechen op d'Gebidder vun den heitegen däitschsproochege Länner bezunn huet. Fir d'éischt ass dësen Zousaz offiziell am Joer 1512 an der Préambule vun Abschied des Reichstags zu Köln gebraucht ginn: De Keeser Maximilian I. hat d'Räichsstänn invitéiert zwecks Erhaltung ( ...... ) des Heiligen Römischen Reiches Teutscher Nation.

Bis 1806 war Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun déi offiziell Bezeechnung vum Räich (ofgekierzt als SRI fir Sacrum Romanum Imperium oder HRR op Däitsch an op Lëtzebuergesch.

[Änneren] Geschicht

[Änneren] Entstoë vum Räich

D'HRR ass entstanen aus dem Ostfränkesche Räich. No der Kréinung zum Keeser vum Otto I. ass et normal ginn, datt déi ostfränkesch Kinneken zu Keesere gekréint goufen. Dofir ass, am Laf vun der Zäit, d'Ostfränkescht Räich als westlechen Nofolger vum Réimesche Räich akzeptéiert ginn. Well d'Räich awer, am Géigesaz zum antiken, chrëschtlech war, ass et geschwënn als Hellegt Réimescht Räich bezeechent ginn.

[Änneren] Mëttelalter

Am héije Mëttelalter huet d'Räich sech ëmstrukturéiert. D'Grofschaften aus dem Ostfränkesche Räich, déi am Ufank nëmmen als Verwaltungseenheete geduecht waren, hate sech zu gréisseren Eenheeten zesummegeschloss. Dës territorial Unitéite sinn dunn Herzogtëmer genannt ginn. Et ware relativ autonom Eenheeten, déi awer versicht hunn d'Kinneksmuecht ze iwwerhuelen. Dës Entwécklung ass haaptsächlech am 12. Joerhonnert geschitt. Méi spéit koum et duerch Allianzen an Neiverdeelunge vun Rechter erëm zu territorialen Herrschaften, déi awer däitlech méi kleng ware wéi d'Herzogtëmer. Dëse Prozess war géint 1500 ofgeschloss.

An der Mëtt vum 11. Joerhonnert huet d'Räich ongeféier 800.000 bis 900.000 km² ëmfaasst an ass vun ongeféier 8 bis 10 Millioune Mënsche bewunnt ginn. Bis Enn vum 13. Joerhonnert war d'Bevëlkerung bis op 12 - 14 Milliounen ugewuess.

D'Räich huet zënter 1032 aus dem Regnum Francorum ("Ostfrankeräich") (spéider och Regnum Teutonicorum genannt), dem Regnum Langobardorum oder Regnum Italicum am heitegen Nord- a Mëttelitalien an aus dem Kinnekräich Burgund bestanen.

[Änneren] Neizäit

Am Joer 1495 ass den Allgemenge Landfridden agefouert ginn. Dëst war d'Geleeënheet, fir den Ufank vun der Neizäit ze markéieren. Kuerz dropp ass d'Struktur vum Räich nees verännert ginn. 1500 a 1512 ass et a Räichskreeser agedeelt ginn.

[Änneren] Reformatioun

Am Laf vun der Reformatioun ass dem Kinnek / Keeser seng Muecht lues a lues zerbréckelt. Et si konfessiounsgebonnen Allianzen tëscht de Räichsstänn entstanen, déi dacks géintenee gekricht hunn. Den Héichpunkt vun de Verännerunge war den Drëssegjährege Krich. Dobäi huet de Keeser eng leschte Kéier versicht fir seng al Muechtstellung erëmzegewannen an d'Eenheet vun der Kierch erëm ze stabiliséieren. Dëse Versuch ass net gelongen. Et ass e Räich entstanen an deem kaum nach un de Grenze vun den Territoirë geréckelt ginn ass an an deem de Keeser nëmme méi eng representativ Roll gespillt huet. Seng Funktioun huet sech praktesch op déi als Erzherzog vun Éisträich beschränkt.

[Änneren] Enn vum Räich

Während den Napoleonesche Kricher huet d'Räich ugefaang ze zerbriechen. Sou haten de Fridden tëscht Preisen a Frankräich (1795) an de Fridde vu Lunéville tëscht Éisträich a Frankräich (1801) d'Follementer schonn ziddere gedoen.

D'Säkularisatiounen duerch de Räichsdeputatiounshaaptschluss 1803 hunn ausserdeem derfir gesuergt, dat empfindlecht politesch-konfessionnellt Gläichgewiicht, wat duerch de Westfälische Fridden entstane war, ze zerstéieren.

Den 2. Februar 1804 huet dunn den Napoléon sech zum Keeser vun de Fransouse kréine gelooss. Hie wollt doduerch engersäits seng Muecht festegen, anerersäits seng Gréisst däitlech méi siichtbar maachen. Virun allem wollt hien dem Karel de Groussen säin Ierwen untrieden an doduerch sengem Keesertum eng Legitimatioun verschafen. Dofir ass hien am September 1804 op Oochen gereest fir den Doum an d'Graf vum Karel de Groussen ze besichen.

Zu Wien huet de Keeser vum Räich dem Napoléon seng Aktivitéite genau verfollegt. Bei diplomatesche Gespréicher tëscht Frankräich an Éisträich huet den Napoléon de 7. August 1804 gefuerdert datt de Franz II. hien als Keeser soll unerkennen an, am Géigenzuch, géng de Franz II. als Empereur héréditaire d'Autriche ("Ierfkeeser vun Éisträich") unerkannt ginn. E puer Deeg méi spéit ass aus der Fuerderung en Ultimatum ginn. Dat huet bedeit: Entweder Krich oder d'Unerkennung vum franséische Keesertum. De Franz II. huet agelenkt an den Napoléon unerkannt.

Den Napoléon war net méi opzehalen. Seng Arméi, duerch bayeresch, württembergeresch a badesch Truppe verstäerkt, ass op Wien marschéiert an huet den 2. Dezember 1805 d'Éisträicher an d'Russen an der Dräikeeserschluecht bei Austerlitz geschloen. Kuerz drop huet den Napoléon dem Franz II. an dem Zar Alexander I. de Fridde vu Pressbuerg diktéiert. Dëst dierft d'Enn vum Räich besigelt hunn.

Den 22. Juli 1806 huet de Franz II. en Ultimatum gestallt kritt: Sollt hien net bis den 10. August ofdanken, da génge franséisch Truppen Éisträich ugräifen. Den 30. Juli huet de Franz II. decidéiert op d'Keeserkroun ze verzichten. D'Ofdankung ass de 6. August verkënnegt ginn.

[Änneren] Nom Enn vum Räich

Nom Wiener Kongress hunn déi däitsch Eenzelstaate sech zum Däitsche Bond zesummegeschloss (8. Juni 1815).

[Änneren] Literatur

  • Gotthard, Axel: Das alte Reich. Darmstadt 2003, ISBN 3534151186
  • Prietzel, Malte: Das Heilige Römische Reich im Spätmittelalter. Darmstadt 2004, ISBN 3534151313
  • Schmidt, Georg: Geschichte des alten Reiches. München 1999, ISBN 340645335X
  • Schulze, Hans K.: Grundstrukturen der Verfassung im Mittelalter, Bd 3, Stuttgart 1198, ISBN 3170130536

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com