ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Reformatioun - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Reformatioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D' Reformatioun (aus dem latengeschen: reformatio = Ëmgestaltung) ass eng Bewegung am Chrëschtentum vum 16. Joerhonnert. Dobäi koum et zur Ofspléckung vun der réimesch-kathoulescher Kierch an zum Entstoen vun de reforméierten, luthereschen an anglikanesche Kierchen souwéi verschidde Fräikierchen. D'Grondlag dozou war de d'Bedürfnis fir sech op d'Bibel zeréckzebesënnen a fir op Distanz ze goen vun bestëmmten iwwerdriwwene Praktike vun der kathoulescher Kierch.

Dës Trennung vun der Réimesch-Kathoulescher Kierch war a priori net d'Absicht vun de Reformatoren. D' "re-Formatioun" sollt déi ursprünglech chrëschtlech Léier an der kathoulescher Kierch nees opwerten.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Ausgangssituatioun

D'Reformatioun ass net vun engem eenzelne Mënsch oder vun enger bestëmmter Plaz ausgaang. Et goufe verschidden Zentren a verschidde Reformatoren, déi vun ënnerschidlechen Viraussetzungen ausgaang sinn an ënner ënnerschidleche politesche Verhältnisser gelieft hunn.

Eng Onmass vu Facteuren huet ufanks vum 16. Joerhonnert d'Reformatioun provozéiert:

  • Däitschland war keen Zentralstaat wéi z.B. Frankräich oder England. Et hu vill geeschtlech a weltlech Fürstenhaiser existéiert. DKurfürsten hunn de Keeser gewielt. Donieft hunn dReichsstände wichteg Muechtfacteuren duergestallt. Hir Versammlung, de Reichstag sollt am Laf vun der Reformatioun eng wichteg Roll spillen.
  • Dem däitsche Keeser Karel V. seng Obligatiounen a Spuenien, Italien, Holland an Burgund a seng Kricher mat Frankräich hu seng ganz Opmierksamkeet erfuedert an hunn derzou gefouert datt hie net dacks a sengem Däitsche Räich war.
  • No de Konziler vun Pisa a Konstanz war de Schisma vun der kathoulescher Kierch fäerdeg. Obschonn dem John Wyclif an dem Jan Hus seng Thes verworf goufen, koum et zum Opstelle vun ëmfangräiche Reformprogrammen. An der zweeter Halschent vum 15. Joerhonnert konnt de Poopst seng Positioun vis-a-vis vum Konziliarismus ausbauen an Reformdecisiounen, déi scho bestan hunn, goufen ofgeschwächt.
  • Verschidde Steieren an Taxen, déi an dem Poopst seng Kees gefloss sinn, hu ville Landeshären ze héich geschéngt. D'Praxis vum Handel mat den Abläss koum ëmmer méi an d'Kritik.
  • Déi éischt Reformatoren aus dem Mëttelalter wéi z.B. de Jan Hus, de John Wyclif an de Petrus Waldes sinn opgetrueden.
  • D'Philosophie vun der Renaissance: Trennung vu Kierch a Staat.
  • D'Iwersetzung vun der Bibel op däitsch duerch de Martin Luther.
  • D'Verbreedung vun de neien Iddiën duerch d'Uwuesse vum Buchdréckerhandwierk.

D'Ausenaanersetzung mat den existéiernde Strukturen hat fir d'éischt de Charakter vun engem Sträit tëschent den Theologische Fakultéiten. D'Streidereien ënnert den mëttelalterlechen Universitéiten hunn zur Differenzéierung, Festigung an Ausbreedung vun de reformatoresche Gedanken bäigedroen. D'Méiglechkeete vum Buchdrock si rapid genotzt ginn; Vill Reformatoren hunn hir Sträitschrëften an héijer Oplo publizéiert. De Lucas Cranach den Eeleren huet dem Luther an dem Philipp Melanchthon seng Schrëfte meeschterhaft illustréiert.

[Änneren] De luthereschen Usaatz

Den Augustinermönch Martin Luther huet ëmmer dru gezweifelt, datt hien dem Härgott seng Gnod nëmmen duerch eegen Ustrengunge kint verdingen, bis hien beim Studéiere vun der Bibel op de Réimerbréif 3,28 gestouss ass: So halten wir nun dafür, dass der Mensch gerecht wird ohne des Gesetzes Werke, allein durch den Glauben.

Déi, sou dacks an de Virdergronn geréckelt, Mëssstänn an der Réimesch-Kathoulescher Kierch ware fir de Luther net den Ausléiser vun der Reformatioun. Säi Problem war eleng theologescher Natur. Hien huet sech un dem Paulus orientéiert (Réimerbréif 1,17: Denn im Evangelium wird die Gerechtigkeit Gottes offenbart aus Glauben zum Glauben, wie es in der Schrift heisst: Der aus Glauben Gerechte wird leben).

[Änneren] Grondiddiën

Déi wesentlech Punkte vun der Reformatioun, déi och haut nach de "gemeinsame Nenner" vun de protestantesche Kierche sinn, ginn dacks mat dem véierfachen "nëmmen ... " ausgedréckt:

  • sola scriptura - nëmmen d'Schrëft ass d'Grondlag vum chrëschleche Glawen, net d'Traditioun
  • solus Christus - nëmme Christus, a net d'Kierch, steet iwer de Gleewegen
  • sola gratia - nëmmen duerch Gottes Gnod gëtt de Mënsch gerett, net duerch säi Wierken
  • sola fide - nëmmen duerch de Glawen gëtt de Mënsch erléist, net duerch seng gutt Wierker

[Änneren] Iwwersetzunge vun der Bibel

Dem Luther seng Bibeliwwersetzung war fundamental a nei. D'Iwwersetzungen déi zu senger Zäit verbreed goufen, hunn op d'Vulgata (latengesch Bibel vum Hieronymus) opgebaut, déi sech schonn op d'griechesch Septuaginta (aalt Testament) beruff huet. Déi ursprénglech hebräesch an aramäesch Texter vum alen Testament haten also schonn dräi Iwwersetzungen, an déi vum neien Testament zwou, hanneru sech éier se an däitscher Sprooch ze liese waren. De Luther huet sech ëm eng méi direkt Iwwersetzung aus dem Hebräeschen a Griecheschen beméit. Hien huet dofir eng volleksno an verständlech Sprooch gebraucht.

[Änneren] Kritik un den bestoenden Traditiounen

Dobäi ginn et zwee Usätz:

  • De Luther huet d'Traditioune vun der Kierch genee iwwerpréift a mam Bibeltext verglach. Déi Traditiounen, déi, senger Meenung no, der helleger Schrëft net entsprach hunn, goufen ofgeschaaft. Hien ass awer derfir agetrueden fir déi Traditiounen, déi keen direkte Bezuch op d'Bibel haten an eng Hëllef am Liewen vun de Gleewege waren, bäizebehalen.
  • Den Ulrich Zwingli an de Johannes Calvin hunn all Traditiounen, déi net an der Bibel begrënnt waren, refuséiert. Dofir sinn d'Kierchen (Gebai) vun de reforméierten Kierchen (Relioun) net mat Biller, mee mat Bibelspréch dekoréiert. D'Kierch (Relioun) ass synodal, presbyterianesch oder kongregationalistesch (ouni Bëschof) strukturéiert. Den Zwingli war souguer géint d'Instrumentalmusek. D'Mass (Abendmahl) soll eng Gedenkfeier sinn.

Dës zwou Richtungen haten eppes gemeinsam: D'Kritik um Poopsttum. D'Ursaach war nees en theologescht Problem: Déi apart Positioun vum réimesche Bëschof (= Poopst) gëtt traditionnell begrënnt duerch en Text vum Matthäus (16,18): Ich aber sage dir: Du bist Petrus und auf diesen Felsen werde ich meine Kirche bauen und die Mächte der Unterwelt werden sie nicht überwältigen. Christus bezeechend de Péitrus also als Follement vun der Kierch. De Péitrus gëtt spéider Bëschof vu Roum. Dofir gëtt et esou ausgeluegt wéi wa Christus de Péitrus als Poopst agesat hätt. Dëse Poopst huet d'Recht, als Stellvertrieder vu Christus, aner Priester ze ernennen. De Luther bezitt sech awer op de Matthäus 18,19, wou eng chrëschtlech Gemeinschaft als eng Versammlung vun op d'mannst zwee Mënschen ënnert dem Numm Christi définéiert gëtt. A Verbindung mam Kapitel 12 vum 1. Korintherbréif gëtt d'Virstellung vum Laiepriestertum entwéckelt. De Paschtouer ass dann net méi de Nofolger vum Péitrus, dee vum Christus agesat gouf, mee dee Member vun der Gemeinschaft, deen am meeschte kapabel ass, dem Paschtouer seng Aufgaben, wéi d'Priedegen an d'Seelsorge, ze iwwerhuelen. Dëse Gemeinschaftsmember huet seng Positioun also net op Grond vu senger Weihe mee op Grond vu senger Ausbildung.

[Änneren] Nei Liturgieën

Verschidde Reformatoren hu sech ëm d'Aféiere vun der Liturgie an der Landessprooch beméit. Doduerch goufen an de protestantesche Gebidder d'latengesch Massen ofgeschaaft. Den Zentrum vun dëse neie Liturgieën war de Wortgottesdienst, also d'Priedegt an d'Liesen vun de Schrëften.

[Änneren] Politesch Entwécklungen

D'Grondlagen vun der Reformatioun waren, am Géigesaz zu de spéideren Interprétatiounen, net déi politesch a sozial Mëssstänn vun der Kierch. De Luther wollt fir d'éischt en theologescht Problem léisen. D'protestantesch Reichsfürsten hunn dergéint probéiert fir duerch d'Reformatioun hir eege politisch Problemer mam Keeser oder mam Poopst ze léisen.

Nieft den theologesche Streidereien ëm déi richteg Ausleeung vun der Bibel koumen dunn och politisch Aspekter derbäi. Déi nei Iddiën ware fir d'Reichsfürsten eng ideal theologesch Begrënnung fir d'Steieren, déi si vu Roum operluegt kruten, reduzéieren ze kënnen. D'Entstoë vu protestantesche Landeskierchen huet d'Autonomie vun de Fürstenhaiser gestäerkt.

An der éischter Halschend vum 16. Joerhonnert koum et zu verschiddene Kricher tëscht Katholiken a Protestanten. No dëse Kricher huet et geheescht: "cuius regio, eius religio" (wessen Land, dessen Glaube). An anere Wierder: De respektive Fürst huet d'Relioun a sengem Land bestëmmt.

[Änneren] D'Reformatioun an England

An England gouf d'Reformatioun virun allem aus politesche Grënn ausgeléist. Natierlech haten d'Theologen och aus eegene Grënn d'Schrëften an d'Wierken vu Martin Luther, Johannes Calvin an Ulrich Zwingli mat Intressi verfollegt an et ass villen net ongeleeë komm, datt d'Geleeënheet sech elo gebouden huet fir bestëmmt Prinzipiën, déi bis dohi vu Roum verbuede waren, an England uwenden ze kënnen. Sou ass z.B. probéiert gi fir d'Bibel an englescher Sprooch ze verbreeden, mee den Henry VIII. war do dergéint an huet den Iwwersetzer hiriichte gelooss. Eréischt ënnert dem Edward VI. si gréisser Reformen agefouert ginn. No sengem Dout awer ass England, ënnert der "bludeger Maria", erëm gewaltsam zur réimesch-kathoulescher Léier zeréckgefouert ginn. Eréischt ënner der Elisabeth I. huet d'anglikanesch Kierch sech endgültig an England etabléiert.

[Änneren] D'Reaktioun vun der kathoulescher Kierch

D'kathoulesch Kierch huet fir d'éischt probéiert fir ze iwwerzeegen. Wéi dëst näischt genotzt huet, huet se op politeschen a kierchlechen Drock gesat. De Luther huet misse flüchten an huet nëmmen iwwerlieft well en ënner fürstlechem Schutz stoung. D'Iddië vun der Reformatioun hu sech wéi e Laffeier ausgebreet. Grouss Deeler vun der Bevëlkerung an hir Fürsten sinn zum neie Glawen iwwergetrueden.

Den deemolege Keeser Karl V. ass kathoulesch bliwwen. De Jesuitenorden, dee vum Ignatius vu Loyola gegrënnt gi war, huet dorophin d'Géigereformatioun ageleed.

[Änneren] Bedeitung a Folgen

D'Reformatioun war ee vun de groussen Evenementer an der Geschicht. Fir d'Geschicht vum Chrëschtentum war d'Reformatioun dee virleefegen Héichpunkt vun enger Entwécklung, déi vun der absoluter Muecht vun der kathoulescher Kierch bis zuer Spléckung vun der Chrëschtenheet gefouert huet. Déi nei entstane Konfessioune konnte sech, no laangem Streiden, als gläichberechtegt Kierchen nieft déiër kathoulescher etabléieren. Déi zwou Säiten ware schlussendlech zuer reliéiser Toleranz gezwongen. D'kathoulesch Kierch huet net nëmme hiren Afloss a groussen Deeler vun Europa verluer, mee besonnesch och hiert Deutungsmonopol fir d'Bibel auszeleeën, dat bis dohin net unzezweifle war.

Zwar gouf d'chrëschtlech Relioun duerch d'Reformatioun net grondleeënd a Fro gestallt, trotzdem huet d'Reformatioun de Wee zum Zäitalter vun der Opklärung, wou dem Individu seng perséinlech Fräiheet däitlech opgewert gouf, virbereed.

D'Reformatioun huet net nëmmen d'geeschtegt Liewe revolutionnéiert, si huet och eng gesellschaftspolitesch Entwécklung an d'Weeër geleed. De Staat huet sech vun der Autoritéit vun der Kierch geléist fir se vu sech selwer ofhängeg ze maachen. Mee och dës Phas war nëmmen en Iwwergank an enger Entwécklung, déi a ville Länner zu der Trennung vu Kierch a Staat féiere sollt.

Esou huet d'Reformatioun, wäit iwwer déi eigentlech Reformatiounszäit eraus, gewierkt a war en Dréipunkt an der Entwécklung vun der moderner Gesellschaft.

[Änneren] Um Spaweck

  • Martin Luther [1]
  • Einführung in die Reformierte Geschichte [2]
  • Calvinianum [3]
  • Martin Luther und die Reformation [4]
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com