Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
../.. | 12. Joerhonnert | 13. Joerhonnert | 14. Joerhonnert. | 15. Joerhonnert | 16. Joerhonnert | ../..
- 1308 : Heinrich VII., Grof vu Lëtzebuerg, gouf als Keeser vum Hellege Réimesche Räich gewielt. Gekréint zu Oochen.
- 1310 : De Jang de Blannen, Jong vum Heinrich VII, gëtt Grof vu Lëtzebuerg.
- 1311 : De Jang bestid d'Elizabeth vu Béimen.
- 1312 : De Jang gëtt als Kinnek vu Béimen gekréint, als éischte vu véier Lëtzebuerger Kinneke vu Béimen.
- 1312-1340 : De Jang huet a verschiddene Feldzich an Däitschland, Italien, Litauen an a Loutrengen gekämpft, an ass am zweete Litauesche Feldzuch op engem A blann ginn a gouf säitdeem "Jang de Blannen" genannt.
- 1346 : De Jang de Blannen fält a Frankräich an der Schluecht vu Crécy. Den eelste Jong vum Jang de Blannen, de Karel IV. gouf als Keeser vum Hellegen Réimesche Räich gewielt a gouf Kinnek vu Béimen als Karel I. Sengem Hallefbrudder Wenzel I. huet e Lëtzebuerg iwwerlooss.
- 1354 : Lëtzebuerg as zum Herzogtum erhuewen gin. De Wenzel I. gëtt éischten Herzog, an huet am selwechte Joer d'Jeanne vu Brabant bestued.
- 1383 : De Wenzel I. stierft ouni Ierwen ze hannerloossen an d'Herzogtum geet un säin Neveu Wenzel II.
- 1383-1443 De Wenzel II. verpfänd Lëtzebuerg un de Jobst vu Mieren.
[Änneren] Wichteg Perséinlechkeeten
[Änneren] Erfindungen an Decouverten