Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 16. Juni ass den 167. Dag (168. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1684: D'franséisch Truppe vum Louis XIV. huelen ënnert dem Vauban d'Stad Lëtzebuerg an, nodeems de Prënz vu Chimay kapituléiert huet.
- 1815: Bei der Schluecht bei Ligny, an der Belsch, huet den Napoleon seng lescht Victoire iwwert d'Preisen, 2 Deeg virun der Schluecht vu Waterloo.
- 1972: Am Watergate-Hotel zu Washington gi 5 Abriecher am Wahlkampfbüro vun der Demokratescher Partei gepëtzt.
- 1976: Zu Soweto a Südafrika gi bei enger Manifestatioun vu Schüler a Studenten 566 Kanner a jonk Leit vun der Police an Arméi doutgemaach.
- 1977: De Leonid Breschnew gëtt Staatschef vun der Sowjetunioun.
- 1990: Zu Schengen ënnerschreiwen Däitschland, Frankräich an d'Benelux-Staten d'Schengener Conventioun, déi regelt, wéi d'Schengener Ofkommes ëmzesetze wier, fir dass Persounen a Wueren fräi zirkuléieren kënnen, an d'Baussegrenze verstäerkt géifen.
- 1890: Stan Laurel, englesche Komiker a Filmschauspiller (Den Décken an den Dënnen)
- 1937: Simeon Sakskoburggotski, bulgaresche Politiker.