Aldebaran (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Aldebaran ass de Numm vum Stär α Tauri am Stärebild Stéier. De Numm stammt of vum arabeschen الدبران ad-dabaran a bedeit de Nofolger, well deStär de Plejaden um Himmel nozelafe schéngt. Hien ass en Deel vum Wantersechseck. Aner Nimm : Cor Tauri (Häerz vum Stéier), Parilicium, Palilicium
Den Aldebaran ass een Stäresystem op enger Distanz vun 68 Liichtjoer (20,90 Parsec). Hie gehéiert zu der Spektralklass K5 an der Liichtkraaftklass III. Seng schäinbar Hellegkeet ass 0,85 m, déi absolut Hellegkeet ass -0,6 m.
Den Aldebaran kann als ekliptiknoen Stär vum Mound bedeckt ginn. Bedeckungen vum Aldebaran duerch Planéiten sinn zur Zäit wéinst der Lag vun de Bunnkniet net méiglech.
Koordinaten (Äquinoktium 2000.0):
- Rektaszensioun: 4 h 35 m 55,20 s
- Deklinatioun: +16° 30' 33,0"
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Aldebaran – Biller, Videoen oder Audiodateien |