Biergbau zu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wa vu Biergbau zu Lëtzebuerg Rieds geet, dann ass am Fong den Ofbau vun Eisenäerzen, der sougenannter Minette, gemengt. De Biergbau, Iwwerdagofbau an Ofbau a Stollen hat e ganzt Joerhonnert laang zu Lëtzebuerg eng grouss witschaftspolitesch Bedeitung, an zwar vun der Halschent vum 19. Joerhonnert un, besonnesch nodeem d'modern Technik et méiglech gemeet hat, fir déi oolithesch Äerzer, wéi se an eisem Raum virkommen, fir d'Eisen- an d'Stolproduktioun notzbar ze maachen. Dës Eisenäerzer waren zwar fréier zu de Réimerzäite scho bekannt, mee d'technesch Méiglechkeeten hunn nach gefeelt, fir se ze verschaffen.
Ausser dem Eisenäerz-Biergbau sollten och nach d'Carrièren, d'Schifergrouwen, d'Géisdrefer Antimongrouf an d'Koffergrouf bei Stolzebuerg ernimmt ginn, och wann de Kofferofbau bei eis ni eng grouss Bedeitung kritt huet.
[Änneren] Entwécklung vun der Produktioun
Aus dëser Grafik vum Statec geet ervir, datt den Ofbau vu Minettessteng vu Joer zu Joer staark variéiert huet an datt no enger Héchstproduktioun vu ronn 8 Milliounen Tonnen an de fofzeger Joren den Ofbau staark zeréckgaang ass, haaptsächlech vun 1955 un. D'Wirtschaftlechkeet vun eiser Minette war nämlech am Verglach zu den Eisenäerzvirkommen vum Bassin de Briey a Skandinavien oder Brasilien ëmmer relativ schwaach (25-32%) an hat ee héijen Phosphorgehalt. Ze berücksichtigen ass och datt den Eisenäerzofbau opgrond vun de ville Privatminièren déi net un d'Sidérurgie gebonne waren, staark exportofhängeg waren an d'schlecht Zäiten an eisen Noopeschlänner ze spieren kruten.
Exportéiert gouf d'Minette joerzéngtelaang no Däitschland, an d'Saarland, no Frankräich an no der Belsch. Dës Exporter sinn a muneche Joere bal ganz ausgefall. Dat wëllt och heechen, datt d'Zuel vun de Biergaarbechter massiv rop- a rofgaang ass. Dës Entwécklung konnt allerdéngs doduerch opgefaange ginn, datt de Biergbau vill Friemaarbechter, haaptsächlech aus dem Mëttelmierraum, beschäftegt huet, an datt hir Zuel an de more Joere gewëssermoossen d'Roll vun engem Volant gespillt huet.
Kuerz am Laf vun de spéidere 1960er a 1970er Joren huet den Äerzofbau zu Lëtzebuerg seng Chancë verluer, an 1981 ass déi lescht Minière zu Lëtzebuerg zougemeet ginn. Haut erënnert nëmme méi d'Feier vun der hëlleger Bärbel (Barbaras-Dag), der Patrounin vun den Biergaarbechter, wéi och de Minne-Musée zu Rëmeleng, un déi grouss Zäit vum Lëtzebuerger Biergbau.
[Änneren] Literatur
- Carlo Hemmer: L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Première Partie: Les conditions naturelles et sociales, La production primaire. Editions Beffort, Luxembourg, 1948