Helleg Bäerbel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] E bësschen iwwer d'Legend
D'Helleg Barbara, och nach helleg Bäerbel oder Boarbel, ass eng historesch net beluechte chrëschtlech Märtyrerin. Si soll um Enn vum 3. Joerhonnert zu Nikomedia, dem haitegen Izmit an der Tierkei, gebuer a gelieft hunn.
D'Bäerbel huet an der Zäit vun der Chrëschteverfolgung gelieft a war Märtyrerin ënnert dem Galerius Valerius Maximinus, genannt Daja. Si ass eng legendär Figur, an trotzdeem eng vun deene bekannteste chrëschtlechen Hellegen.
D'Bäerbel soll net nëmmen eng Schéinheet, mee och e schlaut Meedche gewiescht sinn. Si huet sech zum Chrëschtentum bekannt an déi heednesch Gëtterbiller futti gemaach. Wéi de Papp op eng Rees war, huet hatt um Tuerm vum elterleche Besëtz eng drëtt Fënster (wéinst der Dräifaltegkeet) ubréngen gelooss.
Säi räichen an heednesche Papp huet d'Bäerbel doropshin an den Tuerm agespuart. Der So no gouf d'Bäerbel vum "Johannes dem Deefer", deen him erschéingen ass, gedeeft.
Fir säi Meedche vum Glaf ofzehalen, huet säi Papp hatt stänneg schloe gelooss, a wéi näischt méi gehollef huet, huet en d'Bäerbel dem réimesche Statthalter Marcianus ausgeliwwert. De rachsüchtege Papp soll selwer d'Urteel vollstreckt a säi Meedche mat dem Schwert ëmbruecht hunn. - Kuerz drop ass hie vum Blëtz getraff ginn a verbrannt!
D'Statue vun der helleger Bäerbel hunn nieft hir ëmmer en Tuerm mat dräi Fënsteren, des weideren och e Schwert oder e Kelch, eng Fakel oder e Kanounerouer.
Eng kleng Reliquie vun der Helleger Bäerbel läit an der Wallfuertskierch "St. Hildegard und St. Johannes des Täufers" zu Eibingen am Rheingau an Däitschland. Dës Reliquie gehéiert zum Eibinger Reliquieschatz, deen d'Hildegard vu Bingen zesummengedroen huet.
[Änneren] Gedenkdag
Der Helleger Barbara hire Gedenkdag ass traditionell de 4. Dezember. Zënter 1969 gëtt dësen Dag net méi am Festkalenner vun der réimesch-kathoulescher Kierch gefouert, well d'Bäerbel als eng legendär Figur ouni historeschen Hannergrond gëllt!
[Änneren] Brauchtëm zu Lëtzebuerg
[Änneren] Bäerbelen- oder och Boarbelendag
A ville Géigenden, wou Biergbau bedriwwe gëtt oder gouf, feiert een d'Bäerbel de 4. Dezember oder de Sonnden dono. Dacks gëtt e Cortège gemaach, wou d'Hellegefigur vun de Biergleit oder haut och dacks de Pomjeeën duerch d'Duerf bis bei d'Kierch gedroe gëtt.
Traditionell gëtt den Ëmzuch mat Knupperten (kontrolléierte Sprengungen) begleet, déi un d'Sprengungen an de Minièreën erënnere sollen.
[Änneren] Patréinerin
|
|
|
D'Barbara ass eng vun deene 14 Nouthellegen a gëtt ugebied bei Donnerwieder, bei Feiergefor, bei Féiwer a Pescht.