Enceladus (Mound)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Enceladus | |
---|---|
]] | |
Entdeckung | |
Entdecker | Wilhelm Herschel |
Datum vun der Entdeckung | 28. August 1789 |
Date vum Orbit | |
Mëttel Distanz zum Saturn | 238.020 km |
Numeresch Exzentrizitéit | 0,0045 |
Ëmlafzäit | 1.370 Deeg |
Inklinatioun | 0,02° |
Physikalesch Daten | |
Mëttleren Duerchmiesser | 504,2 km |
Iwwerfläch | 800.000 km2 |
Mass | 1,08×1020 kg |
Dicht | 1,61 g/cm3 |
Gravitatioun un der Uewerfläch | 0,079 m/s2 |
Rotatiounsdauer (a sidereschen Deeg) | 1.370 Deeg |
Fluchtvitesse | 0,214 km/s |
Albedo | 0,99 |
Schäinbar Hellegkeet | 11,8 m |
Iwwerflächentemperatur | 9470 K (-203°C) |
Atmosphäreschen Drock | <1 kPa |
Den Enceladus ass ee vun de gréissere Mounde vum Planéit Saturn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Entdeckung
Den Enceladus (oder Saturn II) ass den 28. August 1789 vum Wilhelm Herschel entdeckt ginn.
Benannt ass der Mound nom Gigant Encelados aus der griichescher Mythologie. De Numm "Enceladus" a déi vu weidere siwe Saturnmounde si vum Wilhelm Herschel sengem Jong, dem Astronom John Herschel, an enger Verëffentechung vun 1847 (Results of Astronomical Observations made at the Cape of Good Hope) virgeschloë ginn.
[Änneren] Ëmlafbunn
Den Enceladus ëmkreest de Saturn an engem mëttleren Ofstand vun 238.020 km an 32 Stonnen an 53 Minutten. D'Bunn weist eng Exzentrizitéit vun 0,0045 op an ass 0,02° géint den Äquator vum Saturn geneigt.
[Änneren] Opbau a physikalesch Daten
Den Enceladus ass e bëssen onregelméisseg geformtist etwas unregelmäßig geformt. Op senger Uewerfläch konnte verschidden Terrainen ausgemaach ginn. Nieft Aschlagkrateren sinn och Gläichten, souwéi Brëch a Verwerfunge siichtbar.
En Deel vu senger Uewerfläch schéngt mat engem geschaten Alter vun 100 Millioune Joren relativ jonk ze sinn. Dat bedeit datt den Enceladus geologesch aktiv ass. Dorop weist och d'Tatsaach hinn datt d'Uewerflähc mat rengem Wasseräis bedeckt ass, dat 99% vum Sonneliicht reflektéiert. Dat ass deen héchste Prozentsaz vun engem Himmelskierper am Sonnesystem. D'Uersaach kéint Kryovulkanismus (kale Vulkanismus) sinn, bei deem Waasser aus dem Ënnere vum Mound austrëtt a sech iwwert d'Uewerfläch verdeelt. Et ass dee klengste bekannte Kierper am Sonnesystem deen eng geologesch Aktivitéit vun dëser Zort opweist.
Den Enceladus ass vill ze kleng fir datt radioaktiven Zerfall zu enger nennenswerter Erwiermung am Ënnere vum Mound féiere kënnt. En emkreest de Saturn an enger 2:1 Resonanz mat dem Mound Dione (wéi d'Mounden Io an Europa de Jupiter), wouduerch Gezäitekräfte wierksam ginn, déi Reiwungen am Moundënneren an domat eng Erwiermung bewierken. Allerdéngs geet dëse Mechanismus net duer fir genuch Wäermt zur Verflëssegung vu Waasseräis ze produzéieren. Am Ënnere vum Enceladus schéngt et chemesch Stoffer ze ginn déi de Schmëlzpunkt vum Äis erofsetzen.
Et si Rësser, Gläichten an Deformatiounen an der Krust ze erkennen déi dorop schléisse loossen datt d'Ënnert vum Mound zur Zäit flësseg ass, obwuel et fréier gefruer war.
Opgrond vun der héiger Reflektioun vum Sonneliicht sinn um Enceladus Temperature vun ënnert -200° Celsius. Iwwerraschenderweis befënnt sech um Südpol vum Mound eng Zon vu lokaler Erwiermung. D'Ursaach vun dëser Wärmequell ass onbekannt. An dëser Regioun ass d'Uewerfläch vu parallele Sträifen duerchzunn, déi aus Splécke bestinn an deenen e blozegt Eis duerchschimmert. D'Ëmgéigend erënnert un eng zäitweileg erstarrte Mass. Et ka sinn datt ënnert der Uewerfläch sech d'Äis a Konvektiounsstréim beweegt an domat eng kryovulkanesch Aktivitéit ausléist. Dëse Prozess erënnert a sengen Effekten un d'Plaquentektonik op der Äerd, bzw. un ähnlech Aktivitéiten um Jupitermound Europa.
Den Enceladus rotéiert an 32 Stonnen an 53 Minutten ëm déi eegen Achs. E weist domat, wéi den Erdmound, eng sougenannte gebonne Rotatioun op. D'Rotatiounsachs steet senkrecht op der Ëmlafbunn.
Fontainen aus Eiskristaller, déi vum Mound opsteigen, versuergen anscheinend den E-Réng vum Saturn mat neiem Material. Well d'Réngmaterial sech net méi laang wéi e puer dausend Joer op der Bunn hale kann suergt déi geologesch Aktivitéit vum Mound fir ravitaillement. D'Fontaine schénge mat de Sträifen um Südpol zesummenzehänken
Den Enceladus huet eng schäinbar Hellegkeet vun 11,8m. Fir en ze observéieren brauch een e gréissert Teleskop.
[Änneren] Erfuerschung duerch d'Sond Cassini-Huygens
D'Raumsond Cassini-Huygens ënnersicht de Mound op hiere Flich laanscht den Enceladus de 17. Februar a 9. März 2005. Dobäi ass d'Sond an engem Ofstand vu nëmme 500km laanscht de Mound geflunn an huet dobäi e Magnéitfeld an eng dënn Waasserdamp-Atmospär entdeckt. Well d'Schwéierkraaft vum Enceladus ze schwaach ass fir d'Gasen länger Zäit ze halen deit dat op eng dauerhaft Quell um Mound selwer hin. D'Gase kënnen entweder vun der Uewerfläch oder vum Ënnere stamen. Domat ass den Enceladus, niewt dem Titan deen zweete Mound vum Saturn deen eng Atmosphär besëtzt. Weider Date vun der Cassini-Missioun hunn awer erginn datt d'Enceladus-Atmosphär nëmmen op d'Südpolarregioun beschränkt ass.
De 14. Juli 2005 si vun der Raumsond Cassini, déi de Mound an engem Ofstand vu nëmmen 175km iwwerflunn huet, e sëllechen Äisbrocken an der Gréisst vun engem Eefamilljenhaus observéiert ginn, vun deenen ee net genau weess wou se hierkommen. Well sech dës Brocken am Beräich vum Sträifemuster um Südpol befannen, besteet mat grousser Wahrscheinlechkeet en Zesummenhang.
De 9. März 2006 deelt d'NASA mat, datt Opname vum Cassini flëssegt Waasser an der Südpolgegioun supposéiere loossen. Et kéint sech a Kummere befannen déi méiglecherweis nëmmen e puer Meter ënnert der Uewerfläch leien a géif, ähnlech wéi e Geysir un d'Uewerfläch ausbriechen. Och vun der Existenz vu Mikroorganismen gëtt elo nët méi komplett ausgeschloss.
[Änneren] Um Spaweck
- Kryovulkanismus an Tektonik op dem Enceladus
- Voyager 1 an 2 - Atlas vu sechs Saturnmounden
- De Kometemound (D'Aktivitéit vum Saturnmound Enceladus ähnelt deeër vu Koméiten)
- NASA-Artikel iwwert d'Entdeckung vun flëssegem Waasser