Ermesinde vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ermesinde vu Lëtzebuerg 1186 – 9. Mee 1247 |
||||||
Greefin vu Lëtzebuerg | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
D'Ermesinde gebuer 1186 a gestuerwen den 9. Mee 1247 war vun 1196 bis zu hirem Doud Gräfin vu Lëtzebuerg. Bekannt ass se haut virun allem well se enger Rei Stied de Fräiheetsbréif ginn huet: 1236 Iechternach, 1239 Diddenuewen an 1244 Lëtzebuerg.
[Änneren] Hiert Liewen
Si gouf am Juli 1186 als eenzeg Duechter an Ierwe vum Grof Heinrich de Blannen (Heinrich de IV.) vu Lëtzebuerg an dem Agnes vu Geldern, Duechter vum Grof Heinrich II. gebuer.
Wéi den Heinrich de IV. 1196 am Alter vun 83 Joer gestuerwen ass, hat dat klengt Ermesinde grad emol 10 Joer. Hat huet d’Grofschafte vun Durbuy a vu La Roche geierft. De Keeser Heinrich VI. krut d'Grofschaft Lëtzebuerg zougesprach, well de Keeser Friedrich I. Barbarossa dat bei der Geburt vum Ermesinde am viraus esou decidéiert hat. Dem Barbarossa säi Nofolger, de Keeser Heinrich VI. huet awer dunn sengem Brudder, dem Otto I. vu Burgund, d’Grofschaft Lëtzebuerg geschenkt.
Den Heinrich de IV. hat dat awer komme gesinn, an duerfir huet hie schonns 1189 dat deemools dräi Joer aalt Ermesinde mam Grof Theobald I. vu Bar, (* 1158; † 1214, verloobt. 1197 hunn déi zwee sech bestuet a gläich nom Bestietnes huet de Grof Theobald, dee jo duerch d'Hochzäit Regent gi war, Verhandlunge mam Otto vu Burgund opgeholl, fir datt d'Ermesinde sollt d' Grofschaft Lëtzebuerg zréckkréien, wat och geschitt ass.
D’Ermesinde an den Theobald krute 4 Kanner:
- Renaud, Här vu Briey († virun 1214),
- e Meedchen († 1214),
- Elisabeth († 1262), bestued mam Valéran vu Limbourg († 1242), Här vu Monschau,
- Marguerite, bestued mam Hugo III. († 1243), Grof vu Vaudémont, durno mam Henri vu Bois, Regent vun der Grofschaft Vaudémont.
De Grof Theobald ass den 13. Februar 1214 gestuerwen. D’Ermesinde, wat grad 27 Joer hat, huet sech kuerz drop mam Walram vu Limburg–Arel († 1226) bestuet.
Si kruten 3 Kanner :
- Heinrich V., de Blonden (* 1216 ; † 1281),
- Gérard († 1276), Grof vun Durbuy,
- Catherine († 1255), 1229 bestued ginn mam Matthieu II. († 1251), Herzog vu Loutrengen
1226 ass de Walram gestuerwen an d’Ermesinde war mat 40 Joer fir d’zweet Witfra. Vun do un huet sie hiert Liewen haaptsächlech fir caritativ a reliéis Zwecker agesat.
D'Ermesinde huet als Herrscherin vu Lëtzebuerg eng ganz Rei vu Reformen duerchgefouert, vun deene gewëssen Aflëss nach haut ze spiere sinn. Sou huet si zum Beispill d'Administratioun vum Land u Beamten ofgetrueden, si huet Franséisch als Landessprooch agefouert a si huet enger Rei vu Stied am Land e Fräiheetsbréif geschriwwen: 1236 Iechternach, 1239 Diddenuewen an 1244 Lëtzebuerg. Duerch esou ee Fräiheetsbréif konnten d'Bauere fräi iwwert hiert Land verfügen, si hunn net méi missen hiren Här ëm d'Erlaabnis froen, fir sech ze bestueden an déi jährlech Stéiere sinn och geregelt ginn. Just d'Obligatioun vum Militärdingscht ass bestoe bliwwen, obwuel d'Ermesinde bekannt war fir hir gewaltlos Politik an ëmmer beméit war, d'Problemer diplomatesch ze léisen.
D'Ermesinde ass den 12. Februar 1247 gestuerwen an ass zu Clairefontaine, enger Nopeschuertschaft vun Äischen, begruewen.
[Änneren] Geschicht ëm hiert Graf
D'Legend seet, datt d'Gräfin enges Dages an der Ëmgéigend vun hirem Schlass, dem Schlass Bardenbourg an der Emgéigend vun Äischen spadséiert ass. Do huet si eng Fra gesinn, déi vun engem Hiwwel erofkoum an déi an hirem Aarm e Kand gehalen huet, dat a Schoofspelz agewéckelt war, op deem ee schwaarzt Kräiz drop war.
D'Gräfin war iwwerzeegt, datt et sech dobäi ëm d'Muttergottes gehandelt huet, an huet dofir op deer Plaz d' Klouschter dat spéider d'Abtei Notre-Dame de Clairefontaine ginn ass, baue gelooss. An hirem Testament huet si festgehalen, datt si sollt op deeër Plaz begruewe ginn.
No jorelaanger Aktivitéit ass dat Klouschter um Enn vum 18. Joerhonnert duerch franséich Truppen zerstéiert ginn, bis d'Jesuitepateren tëscht 1875 an 1877 en Deel, an ënner anerem déi al Kapell vum Klouschter erëm opgebaut hunn.
Während deenen Aarbechte fënnt den 11. Mee 1875 de Jesuitenmënch Martin Paul ee Grafsteen ënnert deem mënschlech Iwwerreschter luchen. Nieft dem Skelett louch eng Plack op deer stung: "Voici les precious ossements de la très Illustre et Pieuse Princesse Ermesinde, Comtesse Souveraine de Luxembourg et de Namur. Notre heureuse fondatrice que Dieu Glorifie et sans fin Bénisse". 1747, kuerz ier dat aalt Klouschter vun de Fransousen zerstéiert gouf, haten d'Nonnen d'Iwwerreschter vun der Ermesinde hei verstoppt.
Déi lescht anthropologesch Analys déi am September 1997 mat Hëllef vun enger Karbon 14 Analys gemeet ginn ass seet:
"Et handelt sech ëm d'Skelett vun enger Fra. De Kierper ass abalsaméiert ginn, fir sech duerch d'Joren erduerch ze konservéieren. D'Becke weist Zeeche vun e puer Schwangerschaften (d'Ermesinde hat e puer Kanner). D'Fra hat, wéi se gestuerwen ass, tëschent 45 a 65 Joer (d'Ermesinde ass am Alter vun 61 Joer gestuerwen). D'Persoun hat ongeféier 1,70 m a war zimmlech schlank (den Texter no war d'Ermesinde grouss an elegant). No der Analys vum Karbon 14 stamen d'Schanken aus engem Joer tëschent 890 an 1260 (d'Ermesinde ass 1247 gestuerwen)."
Am Moment läit et an der Krypta vun der Kapell vu Clairefontaine.
Virgänger: Heinrich IV. |
Greefin vu Lëtzebuerg 1196-1247 |
Nofolger: Heinrich V. |