Eros (Mythologie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Eros war de griichesche Gott vun der Léift.
[Änneren] Mythos
Beim Homer war den Eros nach net ernimmt. Mee beim Hesiod ass en direkt mam Gaia an Tartaros nom Chaos komm an ass domat ee vun deenen eelste griichesche Gëtter. Spéider ass en als Jong vun der Aphrodite a vum Ares (Mythologie duergestalt ginn, dacks begleed vum Himeros (Verlaangen) a Pothos (Sehnsucht).
[Änneren] Kult
Am Denke vun de Griichen huet den Eros eng bedeitend Roll gespillt, mee en ass awer am Kult wéineg veréiert ginn. Ee vun de wéinege Kultplaze war dat boiotescht Thespiai, wou en a Form vun engem réie Steen veréiert ginn ass, wat op seng Uertimmlechkeet a säin Zesummenhang mat der Entstéiung vun der Welt ze dinn huet. Spéider ass dese Steen duerch eng Statu vum Praxiteles ersat ginn.
[Änneren] Konscht
An der Konscht ass den Eros scho fréi als schéine klenge Jong duergestalt ginn. Meeschtens war e plakeg, hat Flilleken, sou wéi Fäil a Bou. En huet seng Fäiler op Gëtter a Mënschen ofgeschoss, huet seng gëttlech Würd awer méi a méi verluer. Gläichzäiteg ass d'Virléift gewues e net als eenzel Figur, mee en zesumme mat ville klenge sougenannten Eroten duerzestellen. An der Renaissance sinn dës Eroten als Putten erëm operstan.
[Änneren] Literatur
- Otto Holzapfel: Lexikon der abendländischen Mythologie, 2002, Herder Verlag, Freibuerg. Am Ament vergraff!
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |