Igeler Sail
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Igeler Sail ass en 23 m héicht Peilergrafmonument aus der Réimerzäit, dat zu Igel un der Musel steet. Et ass dat beschterhalend vun senger Zort nërdlech vun den Alpen, a steet dowéinst op der Unesco-Lëscht vun der Weltkulturierschaft.
Gebaut gouf d'Igeler Sail an der éischter Hallschecht vum 3. Joerhonnert vun der Famill vun de Secundinier, déi zu Augusta Treverorum (haut Tréier) mat Duch gehandelt hunn. Nieft hirer primärer Functioun, un déi Doudeg vun dëser Famill z'errënneren huet se esou och nach Reklamm fir deer hir Duch-Entreprise gemaach.
D'Monument, dat ursprénglech faarweg war, ass 23 m héich a folgendermoossen vun ënnen no uewen opgebaut: Basis (Trepplécken), Sockel, Haaptdeel, Fris, Attika, dräieckege Giewel. D'Sail gëtt ofgeschloss mat enger Representatioun vum Ganymed, dee vum Jupiter sengem Adler entfouert gëtt.
Den Text vum Haaptbild verzielt iwwer d'Liewe vun de Verstuewene vun der Famill vun de Secundinier. D'Bild weist, wéi den zweete Fils vum Securus him a séngem Brudder Aventinus äddi seet. Dodriwwer waren a Medaillonen aner Familljememberen ze gesinn. Op deenen anere Säite vum Haaptdeel sinn, wéi och am dräieckege Giewel, Szenen aus der griichescher Mythologie ofgebildt: Den Herkules, deen an den Himmel eropfiert (Norden), de Perseus an d'Andromeda (Westen), den Achilles (Osten), an anerer.
D'Frise vun der Igeler Sail weisen Szenen aus de Secundinier hirem Stot. Déi am beschten erhalen (Ostsäit) weist, wéi Dinger an der Kichen d'Iesse preparéieren. Op der Südsäit gesäit een d'Famill beim iessen. Lénks schëdden 2 Dinger d'Gedréngs eraus, riets gëtt gespullt. Op der Westsäit gesäit ee, wéi Landpiechter hir Pacht ofliwweren: Huesen, Fësch, e Lamm, en Hunn a Friichten.

Op der Attika ass op der Südsäit duergestallt, wéi d'Piechter Suen ofliwweren. Op der Ostsäit ass ze gesinn, wéi d'Duch ofgeliwwert, registréiert a kontrolléiert gëtt.
Verschidde Reliefer weise, wéi Wueren transportéiert ginn: E Won mat 4 Rieder, dee vu Päerd gezu gëtt, ass mat grousse Balen Duch vollgetässelt (Westen), ee Fris weist, wéi Pakpäerd hir Wueren iwwert Bierger droen, an op 2 Reliefer si Päerd ze gesinn, déi Noochen e Floss erop zéien (Norden, Westen).
D'Igeler Sail gëtt dacks als Meilesteen bezeechent, well doropper och d'Distanz bis op Tréier uginn ass: L IIII (4 Leugen, wat 8,8 km entsprëcht).
Obwuel d'Igeler Sail e Grafpeiler ass, goufe keng Reschter vu Begriefnësser do fond. Hiirt Erhale verdankt d'Sail enger Falschinterpretatioun: Am Mëttelalter hunn d'Leit gemengt, d'Haaptbild op der Südsäit géif d'Bestiendnes vum Constantinus Chlorus mam Hellegen Heleen (dem Flavia Iulia Helena Augusta, der Duechter vum Konstantin de Groussen) weisen. Domat stung se ënnert dem Schutz vun der kathoulescher Kierch.
Fir de Goethe, deen de 26. August 1792 hei laanscht koum, wéi en ënnerwee vun Tréier op Lëtzebuerg war, war d'Igeler Sail "en herrlecht Monument, dat zu Éiere vun deene wierdegste Leit, hire Liewesgenësser a Verdéngschter opgeriicht" gi wir.