Kar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
![]() |
|||||
Cecale cereale L. | |||||
Klassesch Klassifikatioun | |||||
Räich : | Planzeräich | ||||
Ënnerräich : | Gefässplanzen | ||||
Iwwerofdeelung : | Somplanzen | ||||
Ofdeelung : | Bléieplanzen | ||||
Klass : | Commelinidae | ||||
Uerdnung : | Poales | ||||
Famill : | Séissgrieser | ||||
Gattung : | Kar | ||||
Aart : | Kar | ||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||
Secale cereale L. | |||||
Kar (Secale cereale; de: Roggen; fr: seigle), eng vun de Kar-Aarten (Secale), ass eng Fruucht-Aart, déi an den temperéierten Zone wiisst. Et gëtt Summer- a Wanterkar, woubäi a Mëtteleuropa bal nëmme Wanterkar ugebaut gëtt.
Kar ass besser un e killt an dréchent Klima ugepasst ewéi Weess. Kar ass keng klassesch Fruuchtzort, déi et schonns an der Antikitéit gouf. Villméi gëtt ugeholl, dass e virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessefelder vu Klengasien opkoum, an do mat rekoltéiert gouf.
Kar gëtt a Mëttel- an Osteuropa geholl, fir Brout aus sengem Miel ze maachen. Soss doruechter gëtt et och als Déierefudder geholl. Kar kann och zu Alkohol verschafft ("gebrannt") ginn (Kardrëpp), vereenzelt gëtt et geholl, fir Bio-Ethanol ze produzéieren.
Inhaltsverzeechnis[verstopp] |
[Änneren] Zesummesetzung
-
-
-
- Wasser 9 %
- Protein 12 %
- Fett 2,5 %
- Kuelenhydrater 65 %
- Ballaststoffer 9,5 %
- Mineralstoffer 2 %
-
-
Angaben je 100 g
- Brennwäert 1400 kJ
[Änneren] Mineralstoffer
[Änneren] Vitaminnen
-
-
-
- Thiamin 0,316 mg
- Riboflavin 0,251 mg
- Niacin 4,270 mg
- Pantothensaier 1,456 mg
- Vitamin B6 0,294 mg
- Folsaier 0,060 mg
- Vitamin E 1,870 mg
- Alpha-Tocopherol 1,280 mg
-
-
[Änneren] Aminosaieren
Et ëtt eng modern Kräizung tëscht Kar a Weess, Triticale, déi d'Proprietéite vun deenen zwou Arte vereenegt.
[Änneren] Déi gréisste Karproduzenten op der Welt
No der FAO goufen 2005 weltwäit 15,5 Mio. t Kar recoltéiert. Der Rei no sinn dat, no Land:
Rang | Land | Quantitéit (an Dausend Tonnen) |
Plaz | Land | Quantitéit (an Dausend t) |
---|---|---|---|---|---|
1 | Russesch Federatioun | 3.630 | 9 | Tschechesch Republik | 197 |
2 | Polen | 3.359 | 10 | USA | 191 |
3 | Däitschland | 2.794 | 11 | Éisträich | 164 |
4 | Ukrain | 1.184 | 12 | Frankräich | 149 |
5 | Wäissrussland | 1.155 | 13 | Dänemark | 132 |
6 | China | 748 | 14 | Spuenien | 126 |
7 | Kanada | 367 | 15 | Schweden | 112 |
8 | Tierkei | 260 | Welt | 15.515 |
Source: FAO, Faostat, 2006[1]
[Änneren] Literatur
- Elisabeth Schiemann: Weizen, Roggen, Gerste. Systematik, Geschichte und Verwendung. 1948
- L. Reiner et al.: Winterroggen aktuell. DLG Verlag, 1979
Commons: Kar – Biller, Videoen oder Audiodateien |