Sigismund vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Sigismund 15. Februar 1368 – 1437 |
||||||
Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Sigismund war dee leschten Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich aus dem Haus Lëtzebuerg. Hien ass als drëtteelste Jong vum Karl I. de 15. Februar 1368 zu Nürnberg op d'Welt komm.
Duerch säi Bestiednes 1385 mam Maria, der Duechter vum Ludwig den I. Kinnek vun Ungarn a Polen, krut hien Ierfuspréch op des 2 Länner a gouf dann och 1387 zum Kinnek vun Ungarn gekréint. An deeër Zäit sinn d'Ottomanen an Europa agedrongen an hunn och 1395 Ungarn iwwerfall. Fir genuch Suen ze hunn, fir eng Défense géint d'Tierken opzebauen, huet de Sigismund missen Deeler vu sengen Territoirë verpfänden oder esouguer verkafen. Trotzdem huet en 1396 d'Schluecht bei Nikopolis géint de Sultan Beyazid I. verluer. Den 21. Juli 1411, nom Doud vu sengem Koséng Jobst vu Mieren an nom Réckzuch vu sengem Brudder Wenzel II. ass de Sigismund zum däitschen Kinnek gewielt a 1433 zu Roum zum Keeser gekréint ginn.
Eng vu senge wichtegsten Decisiounen war et, d'Konstanzer Konzil (1414-1418) zesummenzeruffen, dat ënnert senger Leedung dat grousst Kierche-Schisma op en Enn bruecht huet. Virdru goufen et joerelaang an der kathoulescher Kierch gläichzäiteg zwee, alt bis zu dräi Peepst, déi sech géigesäiteg a Grond a Buedem verdaamt hunn. De Jan Hus, den tschechesche Kierchereformateur, huet och um Konstanzer Konzil deelgeholl, well de Sigismund him versprach hat, him géif näischt ënnerwee geschéien. Wéi den Hus awer refuséiert huet, seng Doktrinnen ze widderruffen, gouf en um Wee hannescht festgeholl an als Ketzer verbrannt. D'Membere vum Konzil waren der Meenung, datt ee vis-à-vis vun engem Ketzer säin Éierewuert net bréicht anzehalen. Doropshi koum et zu bluddegen Opstänn vum Huss sengen Unhänger a Béimen. De Sigismund huet dofir 1420 zum Kräizzuch géint d'Hussiten opgeruff. An den Hussite-Kricher, déi 16 Joer gedauert hun, konnt de Kinnek sech eréischt 1436 duerchsetzen.
Zäit senges Liewens huet de Sigismund ni e Fouss op Lëtzebuerger Buedem gesat. 1419 ass e sengem Brudder Wenzel II. als Herzog vu Lëtzebuerg gefollegt. Hien huet awer d'Herzogtum Lëtzebuerg duerch Pfandhäre verwalte gelooss, dorënner seng Niess Elisabeth vu Görlitz. Dës hu géint eng gréisser Zomm Suen d'Verwaltung vum Herzogtum iwwerdroe kritt, an hun am Géigenzuch erausgequëtscht, wat do ze huele war.
Mam Doud vum Sigismund, den 9. Dezember 1437 zu Znaim (Mieren) ass d'Dynastie vun de Limburg-Lëtzebuerger erlosch. Säin Eedem, den Habsburger Albrecht vun Éisträich, dee mat senger eenzeger Duechter, dem Elisabeth, bestuet war, gouf säin Nofolger als Kinnek a Keeser. Bis 1806 sollten Habsburger d'Keeserkoun halen.
[Änneren] Kuckt och
- Lëscht vun den Herrscher vu Lëtzebuerg
- Lucien König, genannt "Siggy vu Lëtzebuerg"
Virgänger: Ruprecht I. von der Pfalz |
Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich 1433- 1437 |
Nofolger: Albrecht II. vun Éisträich |
Virgänger: Wenzel II. |
Herzog vu Lëtzebuerg 1419- 1437 |
Nofolger: Albrecht II. vun Éisträich |
Virgänger: Karl II. |
Kinnek vun Ungarn 1387- 1437 |
Nofolger: Albrecht II. vun Éisträich |
Virgänger: Wenzel II. |
Kinnek vu Béimen 1419- 1437 |
Nofolger: Albrecht II. vun Éisträich |