Le pont rouge
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Le pont rouge |
Produktiounsland: | Lëtzebuerg Belsch |
Produktiounsjoer: | 1991 |
Dauer: | 21 Minutten |
Originalsprooch: | Lëtzebuergesch |
Equipe | |
Regie: | Geneviève Mersch |
Dréibuch: | |
Kamera: | Séverine Barde |
Musek: | Jeannot Sanavia |
Produzent: | Paul Thiltges |
Haaptacteuren | |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Zënter 1966 féiert d'Rout Bréck vum Lampertsbierg op de Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg. Déif ënnert der Bréck läit de Pafendall mat sengen Häiser. Ënnert der Bréck lieft et sech net méi roueg, well vun der Bréck fält all Méigleches erof: Fritte vun der Fouer, Steng, oder Mënschen déi d'Flemm mam Liewen hunn.
Dës Situatioun gëtt vun de Kanner an den Erwuessenen aus dem Pafendall an Interviewë beschriwwen. Ouni ee grujelegt Bild ze weisen, geléngt et der Geneviève Mersch d'Angscht an d'Onsécherheet vun de Leit aus dem Pafendall duerzestellen.
Iwwregens; wéi de Film no senger Opféierung fir vill Diskussioun gesuergt hat, ass endlech e Schutz op der Bréck opgeriicht gi fir datt kee méi kann an den Dall erofsprangen.
[Änneren] Wat sot d'Press
« ...Indem sie das Thema nicht überdramatisiert hat und die Aussagen der Betroffenen zu einer Art "danse macabre" des alltäglichen Grauens zusammenfügte, bei der ein gewisser Galgenhumor mehr als einmal durchschimmert, hat Geneviève Mersch den Nagel (um nicht zu sagen die Pfaffenthaler) genau auf den Kopf getroffen. "Le pont rouge" gehört zu den eindrucksvollsten Dokumentarfilmen, die wir je gesehen haben. » jpthilges, Revue, no. 10/1991
[Änneren] Gielercher
- Internationale Kurzfilmtage Oberhausen 1992 - Präis vun der internationaler Kritik /FIPRESCI