Liewewiesen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Liewewiesen | ||
---|---|---|
[[Image:]] |
||
Klassesch Klassifikatioun | ||
|
||
Domäner | ||
D'Liewewiesen sinn materiell Objekter op organesch-chemescher Basis, déi duerch e Satz vu Mierkmoler beschreifbar sinn, déi als noutwenneg fir d'Liewen betruecht ginn.
Liewewiesen staamen ëmmer vun anere Liewewiesen of (mat Ausnam vum eemolegen Entstoë vum Liewen).
D'Biologie befaasst sech wëssenschaftlech mat allen bekannten Liewewiesen, hiren Ofwandlungen a Virleefer.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Struktur an Zesummesetzung
Eent vun denen wichtegsten Mierkmoler fir d'Liewewiesen ënnerteneen ze ënnerscheeden ass den Opbau vun hiren Zellen. D'Prokaryota hu meeschtens keen richtegen Zellkär an eng einfach Struktur. D'Eukaryota hu minimum een echten Zellkär, e komplizéierte Membransystem an ënnerschiddlech Zellorganellen.
Mat der genauer Andeelung an de Verwandschaften beschäftegt sech d'Systematik an d'Taxonomie.