Maurice Ravel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Maurice Ravel, gebuer de 7. Mäerz 1875 zu Ciboure (Basse-Pyrénées) a gestuerwen den 28. Dezember 1937 zu Paräis, war e franséische Komponist.
Als Jong vun engem Fransous an enger Baskin, huet de Maurice Ravel a senge Wierker d'Eleganz vun de franséische Formen mat enger grousser Phantasie, déi un déi spuenesch Volleksmusek erënnert, verbonnen.
No Studien um paräisser Konservatoire huet de Ravel sech a spéidere Joren an e klengt zréckgezunn wou hien just komponéiert huet.
Jie gëlt niewent dem Claude Debussy als de wichtegste Vertrieder vum franséischen Impresionismus. Doriwwer eraus gouf hien duerch d'Abannen vun moderne Musekselementer wéi Blues an Jazz e vun de bekannteste Komponisten.
Beléiwt Wierker vum Ravel sin:
- Miroirs (1905)
- Gaspard de la nuit (1908)
- Rhapsodie espagnole (1907)
- La valse (1920)
- Bolero (1928)
- L'heure espagnole (Oper) (1907)