Merkur (Planéit)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kuerzbeschreiwung
De Merkur gehéiert zesumme mat der Venus, der Äerd an dem Mars zu den terrestreschen Planéiten. Dat heescht, hien huet eng fest Gestengsuewerfläch, op deeër Raumgefierer landen a Mënschen drop goe kënnen. Leider huet de Merkur awer nëmmen eng ganz dënn, fir net ze soe keng Atmosphär. De Merkur ass genee wéi eise Mound mat Krateren iwwerséit.
De Merkur ass ähnlech wéi eis Äerd opgebaut: Am Zentrum sëtzt e Metallkär, deen awer méi grouss wéi dee vun eiser Äerd ass. Ëm de Kär ass ee Mantel aus Steng.
De Merkur ass mat engem Duerchmiesser vu 4.878 Kilometer däitlech méi kleng wéi eis Äerd, déi een Duerchmiesser vun 12.744 Kilometer huet. D’Merkurjoer dauert 88 Deeg an de Merkur dréit sech an enger gebonnener Rotatioun vun 2:3 mat der Sonn a knapps 59 Deeg eemol ëm déi eegen Achs. De Planéit rotéiert därmoosse lues, datt een der Sonn gemittlech no spazéiere kéint. D’Temperaturen allerdéngs si mäerderesch. Op der Dagsäit klammen d’Temperaturen bis op 470°C an op der Nuetssäit falen Temperaturen dogéint op –170°C erof.
Op dem Merkur ass e risegen Aschlagkrater mat 1400 Kilometer Duerchmiesser – d’Caloris-Becken.
[Änneren] Um Spaweck
- Die acht Planeten: Merkur
- Raumfahrer.net: Merkur
- NASA: Mariner 10 Bilder von Mercury (Englesch)
- NASA: Merkuratlas (Englesch)
- Solarviews: Mercury (Englesch)