Microraptor
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
![]() |
|||||
E Modell vun engem Microraptor am American Museum of Natural History, New York City |
|||||
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Klass : | Reptiller | ||||
Iwweruerdnung : | Dinosaurier | ||||
Uerdnung : | Echsebeckesaurier | ||||
Ënneruerdnung : | Theropoda | ||||
Famill : | Dromaeosauridae | ||||
Gattung : | Microraptor | ||||
|
|||||
|
De Microrapter ass eng Dinosaurieraart aus der Uerdnung vun den Echsebeckesaurier (Saurischia).
En huet am Zäitalter vun der Ënneschter Kräidepoch, virun 120 Millioune Joer, gelieft.
En hat e Gewiicht vun ca. 350 Gramm a war 30 cm héich a 40 cm laang. Säi Kierperskelett huet dem vun de Vulle geähnelt an en hat aerodynamesch modern gebaute Fiederen a séng Äerm ware wéi Flileken. D'Zéiwen un de Féiss ware scharf an hat Krallen déi no hanne bebéit waren.
Et war e Fleeschfriesser, deen awer trotzdem nach net richteg fléie konnt, mä just vu Bam zu Bam konnt gleeden.
Fondplaze vu Fossilien sinn zu Liaoning a China.