Mindestloun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mindestloun (Salaire social minimum) ass en Instrument dat et de Pouvoirs publics erméiglecht, d'Verdeelung vum nationale Revenu ze änneren. D'Fourchette vun de Salairë gëtt manner breet, wat mat sech bréngt, datt déi Leit déi manner verdéngen iewer nach op engem gewëssen Niveau leien. Et kann een de Mindestloun also ugesinn als den ubruechten Minimalloun, deen d'Gesellschaft prett ass ze bezuelen, fir datt och d'Mannerverdénger an hir Familjen dezent liewe kënnen. Duerch de Mindestloun partizipéieren d'Mannerverdénger dann och um technesche Fortschrëtt an um Wirtschaftswuesstum.
De Mindestloun zu Lëtzebuerg läit zur Zäit bei EUR 1438,01.