Moldawesch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Moldawesch (Limba moldovenească) | |
---|---|
Gëtt geschwat an : | Moldawien, Ukrain, Rumänien |
Regioun : | Europa |
Gëtt geschwat vun: | ronn 2,5 Millounen a Moldawien |
Klassement : | ? |
Klassifikatioun no Famill : | Indogermanesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun : | Moldawien |
Reglementéiert vun : | Wëssenschaftsakademie vu Moldawien (fir dat Rumänescht) |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | mo |
ISO 639-2 | mo1 |
SIL | / |
Moldawesch (Laténgescht Alphabet: limba moldovenească, Kyrillescht Alphabet: лимба молдовеняскэ) ass déi offiziell Sprooch a Moldawien, sou wéi se do an der Constitutioun steet.
Déi meeschte Linguiste gesinn dat Moldawescht awer net als Sprooch, mee just als Dialekt vum Rumäneschen. Anerer dogéint plädéieren fir de Statut vun enger richteger Sprooch, well am Moldawesche vill Aflëss vum Russeschen ze fanne sinn, wat bäim Standardrumänesch guer net de Fall ass. D'Bezeechnung Kulturdialekt trëfft et an dësem Fall wuel nach am beschten.
Bis 1989 ass dat Moldawescht mam kyrilleschen Alphabet geschriwwe ginn. Duerno ass déi rumänesch Variant vum laténgeschen Alphabet offiziell an der moldawescher SSR agefouert ginn, mee ganz vill Moldawier hunn dat kyrillescht trotzdeem bäibehalen (cf. déi moldawesch Wikipedia) an am Separatistenterritoire Transnistrien ass et esouguer offiziell bäibehale ginn.