Nordesch Länner
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mat nordesch Länner sinn déi nordeuropäesch Länner gemengt déi a Skandinavien leien oder awer historesch a kulturell iwwer d'Kalmarer Unioun matenee verbonne waren. D'nordesch Länner sinn hautzedags politesch am Nordesche Rot organiséiert. Et sinn dëst d'Natiounen Dänemark, Norwegen, Schweden, Finnland an Island. Dozou gehéieren och déi autonom Territoirë vun de Färöer Inselen, Grönland (ënner dänescher Souveränitéit) an Åland (Finnland).