Paranthropus aethiopicus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Image:Bild feelt | |||||
? | |||||
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Klass : | Mamendéieren | ||||
Uerdnung : | Primaten | ||||
Famill : | Mënschenafen | ||||
Ënnerfamill : | Homininae | ||||
Gattung : | Paranthropus | ||||
Aart : | Paranthropus aethiopicus |
Den Paranthropus aethiopicus (oder Australopithecus aethiopicus) ass eng ausgestuerwen Aart aus der Gattung Australopithecus. Si huet virun ongeféier 2,7 Millioune bis 2,3 Millioune Joer gelieft.
Dës Aart ass duerch de Fond vum Black Skull bekannt ginn.
Gehirvolumen | 410 cm³ |
Gréisst | net sécher bekannt |
Gewiicht | net sécher bekannt |
Kascht | spezialiséiert op Planzekascht |
Säi Kapp weist primitiv Kennzeechen: d'Gehir war zimlech kleng a d'Gehirschuel zimlech knacheg. Hien huet zu der robuster (paranthropus) Gattung vun der Grupp vun den Australopithecinen gehéiert. En ass ob zwee Bee gaangen, mee e gehéiert net zu den direkte Virleefer vum Mënsch.
Den Amerikaner Alan Walker huet 1985 an der Géigend vum Turkanséi am Norde vu Kenia eng Hierschuel vun engem Australopithecus aethiopicus fonnt.