Parasaurolophus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Parasaurolophus walkeri | |||||
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Klass : | Reptiller | ||||
Iwweruerdnung : | Dinosaurier | ||||
Uerdnung : | Vullebeckesaurier | ||||
Ënneruerdnung : | Ornithopoda | ||||
Famill : | Hadrosauridae | ||||
Gattung : | Parasaurolophus | ||||
|
|||||
Parasaurolophus | |||||
De Parasaurolophus ass eng Dinosaurieraart aus der Uerdnung vun de Vullebeckesaurier (Ornithischia).
De Parasaurolophus huet am Zäitalter vun der Ieweschter Kräidepoch, méi genee am Maastrichtium a Campanium, viru 76 - 65 Millioune Joer, gelieft.
En hat e Gewiicht vu 4 Tonnen a war 4 m héich an 10 m laang. Et war en Inteschniewelsaurier (Hadrosaurier) mat bis zu engem 1,80 m laange Schankekamp um Kapp an engem héich ugesate Schwanz. Et war e Planzefriesser.
Fondplaze vu Fossilie sinn Alberta (Kanada); New Mexico an Utah (USA).