Paul Leuck
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paul Leuck, gebuer den 12. Abrëll 1914 zu Eesebur, a gestuerwen den 13. Februar 1991 an der Stad Lëtzebuerg war e lëtzebuergesche Journalist. Et war de Jong vun engem loutrengesche Mëller vun Eesebur, a gouf duerch Optioun Lëtzebuerger. Dat war mat eng vun den Ursaache fir säin Engagement fir d'europäesch Vereenegung, fir déi e sech staark agesat huet.
No der Première war en an der Fortuna an en ass matgaangen Assurancë machen. E laange Wanter huet en Zënse gerechent. Dorunner huet e sech ëmmer mat Schrecken erënnert. Mee en huet gesot dat alles wier eng gutt Virbereedung op säi journalistesche Beruff gewiescht, well e ganz vill d'Leit kenne geléiert huet. E sollt an d'Wort kommen, mee du koum de Krich.
Am Krich war en am Arbeitsamt an en huet vill Jongen d'Liewe gerett, well e se duerch falsch Aarbechtsbicher bei de Bauer geschéckt a se domat aus dem Verkéier gezunn huet.
De Paul Leuck war e Pionéier a Matgrënner vun de lëtzebuergeschen Emissiounen an der Nokrichszäit. Als éischte lëtzebuergesche Speaker nom Krich huet e gesot "Hei ass Radio Lëtzebuerg" a Sichaktiounen duerchginn. Hie war Journalist a Matgrënner vun der Revue a Korrespondent bei JungLuxemburg. Joerelaang war en Auteur vum "Landbuet" an der Revue. Vill méi bekannt wéi an der geschriwwener Press gouf de Paul Leuck duerch de Lëtzebuerger Programm vun RTL. E war och laangjärege Mataarbechter vu Radio Saarbrücken.
Seng éischt Sendungen, déi hie vum 1. Oktober 1944 u geschwat huet, ware Welcome to our Friends. Genee 35 Joer laang war de Leuck Noriichtespriecher a politesche Kommentator. Donieft huet e jorelaang eng Zaldotenemissioun an eng Krankenemissioun moderéiert. E war Sportsreporter a Reporter vun alle méiglechen Evenementer. En huet och d'Sendung "Lëtzebuerger Leit a Saachen an der aler Zäit", an am Ufank Hörspiller gemaach . Och beim Film Un beau petit pays war e Conseiller artistique a beim Jean-Pierre Kemmer - Komponist, Dirigent a Pianist (1923-1991) war en Intervenant.
De Paul Leuck war donieft Majouer an der Lëtzebuerger Arméi wéinst der Zaldotenemissioun. Dat war méi wéi eng Wonschsendung, well et ass drëm gaange fir d'Arméi nom Krich bei de Leit unzehuelen an de Kontakt zwëschent de Jongen an de Familljen ze halen an opzebauen. Mat dem Ofschafe vun der Pflichtarméi huet d'Zaldotenstonn opgehalen. E war bekannt fir seng defteg Riedensaart.
Als Gewerkschaftler war en zesumme mat Kleins Jeng de Begrënner vun der Beamtesektioun vum LCGB an d'Personal vum RTL verdankt hinnen hiren éischte Kollektivvertrag.
De Paul Leuck war bestuet mat der Albertine Pleger an huet zwee Meedercher, d'Mariette an d'Monique. 1972 krut hie fir säin Engagement fir Europa d'sëlwer Medail vum Mérite européen.