Pazifikatiounsedikt vu Poitiers
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Pazifikatiounsedikt vu Poitiers gëtt am September 1577 ënnerschriwwen.
Dësen Edikt geet Hand an Hand mam Fridde vu Bergerac déi de siwente Reliounskrich ofschléisst. Den Toun am Edikt ass extrem reliéis gehalen. Den Edikt ass a Numm vun eiser Här geschriwwen, deem seng "verge de rigeur" d'"offenses et péchés des hommes" bestrooft. Et sinn déi Onschëlleg, "c'est à savoir notre pauvre peuple" déi am meeschte leiden.
Wat d'Reliounsfräiheet betrëfft, sou ass dës an de Faubourge vun enger Stad pro Bailliage oder Sénéchaussée erlaabt, an ausserdem och nach op alle Plaze wou de protestantesche Kult publik de 17. September 1577 zelebréiert gouf. D'gemëschte Justizchamberen ginn et nëmme nach a véier Parlamenter (Bordeaux, Toulouse, Grenobel an Aix). Dës Chambere sinn zesummegesat aus aacht kathoulesche Conseillierën, a véier Reforméierten. D'sougenannt Places de sûreté bleiwe weiderhinn zu aacht (Périgeux, La Réole, Mas-Grenier, Montpellier, Aigues-Mortes, Nyons, Serre a Seyne) mee si gi nëmme fir sechs Joer erlaabt.
De Pazifikatiounsedikt schaaft e Kompromëss, deen deem vum Edikt vu Nantes virausgeet. Genee esou wéi en am September ënnerzeechent gouf, bleift en awer net stoen, wat duerch d'Traitéë vu Nérac a vu Fleix bedingt ass.
[Änneren] Links
[Änneren] Intern
- Reliounskricher
- Edikt vu Nantes
- Traité vu Nérac
- Traité vu Fleix