Regierung Prüm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Regierung Prüm koum zu Lëtzebuerg den 20. Mäerz 1925 an hir Funktioun. Si war aus de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 ervirgaangen an huet sech op d'Onofhängeg Nationalpartei, déi Liberal, d'Sozialisten an Iwwerleefer vun der Rietspartei gestäipt. Si ass de 16. Juli 1926 zeréckgetrueden, wéi Liberal a Sozialisten sech iwwert e Gesetzprojet iwwer Congé fir d'Aarbechter net eens konnte ginn.
[Änneren] Wéi se zesummegesat war
- Pierre Prüm (Onofhängeg Nationalpartei): Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen, den Intérieur an d'Landwirtschaft
- Norbert Dumont: Generaldirekter fir Justiz, Bauten, Handel an Industrie
- Othon Decker (Onofhängeg Lénk): Generaldirekter fir Sozialversécherung an Aarbecht
- Étienne Schmit: Generaldirekter fir Finanzen a Bildung
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
de la Fontaine | Willmar | Simons | de Tornaco | Servais | de Blochausen | Thilges | Eyschen | Mongenast | Loutsch | Thorn | Kauffman | Reuter | Prüm | Bech | Dupong-Krier | Exilregierung | vun der Befreiung | National Unioun | Dupong-Schaus | Dupong-Schaus-Bodson | Bech-Bodson | Frieden | Werner-Schaus I | Werner-Cravatte | Werner-Schaus II | Thorn-Vouel-Berg | Werner-Thorn-Flesch | Santer-Poos I | Santer-Poos II | Santer-Poos III | Juncker-Poos | Juncker-Polfer | Juncker-Asselborn