Regierung de Tornaco
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Regierung de Tornaco war vum 26. September 1860 bis den 3. Dezember 1867 am Amt. Si gouf am ganze 6 Mol ëmgebilt.
An d'Regierungszäit vum Victor de Tornacofale wichteg aussepolitesch Evenementer, wéi d'Opléise vum Däitsche Bond, 1866, nom Däitsch-Éisträichesche Krich, an de Versuch vum Napoléon III., fir vum Wëllem III. Lëtzebuerg ofzekafen, wat awer wéinst dem Widerstand vum Bismarck verhënnert gouf. Zu London gouf eng Léisung aus dëser Lag fond, andeems an engem Traité festgehale gouf, datt d'preisesch Garnisoun misst ofgezu ginn, d'Festung Lëtzebuerg geschlaff a Lëtzebuerg op éiweg neutral an onofhängeg erkläert gouf.
An deene Joere goufen och d'Eisebunnslinnen iwwer Waasserbëlleg op Tréier an iwwer Ettelbréck op Gouvy ausgebaut, woumatter och d'Siderurgie e weideren Opdriff krut.
[Änneren] Zesummesetzung
[Änneren] Vum 26. September 1860 bis den 9. September 1863
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen a Bauten
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir Finanzen
- Michel Jonas: Generaldirekter fir den Intérieur a fir Justiz
[Änneren] Vum 9. September 1863 bis de 31. Mäerz 1864
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen a¨Bauten
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir Finanzen
- Bernard-Hubert Neuman: Generaldirekter fir den Intérieur a fir Justiz
[Änneren] Vum 31. Mäerz 1864 bis de 26. Januar 1866
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir Finanzen
- Ernest Simons: Generaldirekter fir den Intérieur a Bauten
- Henri Vannerus: Generaldirekter fir Justiz
[Änneren] Vum 26. Januar 1866 bis den 3. Dezember 1866
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir den Intérieur
- Ernest Simons: Generaldirekter fir Finanzen
- Henri Vannerus: Generaldirekter fir Justiz
[Änneren] Vum 3. bis de 14. Dezember 1866
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir den Intérieur
- Léon de la Fontaine: Generaldirekter fir Justiz a Finanzen
[Änneren] Vum 14. Dezember 1866 bis den 18. Juni 1867
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Léon de la Fontaine: Generaldirekter fir Justiz
- Jean Colnet d'Huart: Generaldirekter fir Finanzen
- Félix de Blochausen: Generaldirekter fir den Intérieur
[Änneren] Vum 18. Juni 1867 bis den 3. Dezember 1867
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Jean Colnet d'Huart: Generaldirekter fir Finanzen
- Félix de Blochausen: Generaldirekter fir den Intérieur
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
de la Fontaine | Willmar | Simons | de Tornaco | Servais | de Blochausen | Thilges | Eyschen | Mongenast | Loutsch | Thorn | Kauffman | Reuter | Prüm | Bech | Dupong-Krier | Exilregierung | vun der Befreiung | National Unioun | Dupong-Schaus | Dupong-Schaus-Bodson | Bech-Bodson | Frieden | Werner-Schaus I | Werner-Cravatte | Werner-Schaus II | Thorn-Vouel-Berg | Werner-Thorn-Flesch | Santer-Poos I | Santer-Poos II | Santer-Poos III | Juncker-Poos | Juncker-Polfer | Juncker-Asselborn