Clausen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Clausen ass e Quartier vun der Stad Lëtzebuerg, geleeën an der Ënnerstad, am Uelzechtdall, um Fouss vum Kierchbierg-Plateau.
D'Clausener Kierch ass der Helleger Kunigunde dediéiert.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Den Numm "Clausen"
[Änneren] D'Mansfeld-Schlass a Clausen
Do hat de Péiter Ernest vu Mansfeld säi Schlass La Fontaine, vun deem haut awer just nach 2 Paarten erhale sinn. Well d'Gemeng Lëtzebuerg 2003 op der Plaz, op deeër d'Schlass stoung, eng Schoul wollt bauen koum et zu archeologeschen Noutgruewungen, déi et sollten erméiglechen, méi iwwer d'Schlass an de Gaart gewuer ze ginn. D'Schoul gëtt net wäit dovun ewech gebaut, an de Musée fiert mat den Ausgruewunge weider.
[Änneren] Den däitschen Zaldotekierfecht a Clausen
Déi eelsten däitsch Krichsgriewer sinn um däitschen Zaldotekierfecht an der Jules Wilhelm -Strooss a Clausen ze fannen. Se stamen aus dem Krich 1813 géint den Napoléon. Méi spéit goufen do an de Joren 1815-1866, an der Zäit vun der preisescher Garnisoun, Offizéier an Zaldote begruewen, déi an der Garnisoun gestuerwe waren. Dobäi kommen d'Affer vum franséisch-däitsche Krich vun 1870-1871. Weider sinn do 196 Zaldotegriewer aus dem Éischte Weltkrich an der 262 aus dem Zweeten.
De Volksbund Deutsche Kriegsgräberfürsorge këmmert sech ëm den Ënnerhalt vun de Griewer a Clausen an ëm déi um däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler.
[Änneren] Den ale jiddesche Kierfecht a Clausen
Nieft der Stroossekéier beim Malakoff-Tuerm läit den ale jiddesche Kierfecht, deen am Ament net zougänglech ass, well d'Stäipmauer plazeweis noginn huet.
[Änneren] Brauereien a Clausen
[Änneren] D'Gebuertshaus vum Robert Schuman
Nërdlech vun der Kunigundekierch, am Hank erop op de Kierchbierg, steet d'Gebuertshaus vum Robert Schuman. Haut ass do e Fuerschungszentrum drann ënnerbruecht.
[Änneren] Um Spaweck
Beggen | Belair | Bouneweg-Nord/Verluerekascht | Bouneweg-Süd | Clausen | Dummeldeng | Eech | Gare | Gaasperech | Gronn | Hamm | Hollerech | Kierchbierg | Lampertsbierg | Märel | Millebaach | Neiduerf/Weimeschhaff | Pafendall | Polfermillen | Rollengergronn/Belair-Nord | Uewerstad | Weimeschkierch | Zéisseng | Zens