Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Tunnel ënner der Stad (Lëtzebuerg) verbënnt de Péitrussdall mat dem Pafendall. En ass 900 m laang, 4,40 m breet, 3,25 m héich a läit an der Moyenne 60 m ënnert dem Buedem vun der Stad Lëtzebuerg.
Enn der 1950er Joren ass de Sammelkanal, deen d'Ofwaasser aus de Quartiere Märel, Belair an Zéisseng duerch Péitrussdall, Gronn, Clausen a Pafendall bis op Beggen féiert, ze kleng ginn ass fir nach all d'Ofwaasser ze packen, an et huet also missen no enger Léisung gesicht ginn. Vu datt den alen Tracé 3.300 m laang war an deelweis ënnert Haiser verlaf war, war net wierklech un en Ausbau ze denken. D'Iddi fir en neie Kanal riicht ënnert der Stad ze verleeën huet do och vun engem finanzielle Standpunkt aus gesinn duerchaus Sënn gemaach.
Am Juli 1961 hunn d'Aarbechten ugefaangen a knapps zwee Joer drop, am August 1963 war den Tunnel fäerdeg an de Fiels gesprengt an de Kanalsrouer verluecht. D'Protection civile huet Intressi gewisen, fir den Tunnel als Loftschutzbunker ausbauen ze loossen, wat och deelweis geschitt ass (mee eng Noutbeliichtung feelt nach ëmmer).
Den Tunnel ënnert der Stad mécht awer och e klenge Lien zur Festungsgeschicht: e gëtt Accès op den ale Pëtz op der Plëss an op dee vun der Biederplaz mat senger extrem gudder a grousser Quell.
Heiansdo kënne Schoulklassen oder Privatleit un enger Féierung duerch den Tunnel deelhuelen. E Pullover ass awer net vu Muttwëll, well et ass konstant 14 Grad C.