Uerdnungszuel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Uerdnungszuel, och nach Atomnummer genannt, gëtt d'Zuel vun Protonen an engem Atomkär un. Hiert Formelzeechen ass Z. Atomer mat deerselwechter Uerdnungszuel gehéieren all zum selwechten Element an hunn domatter datselwecht Verhale bäi chemesche Reaktiounen.
Si gëtt lénks ënnen niewent dem Symbol vum Element uginn. Beispiller:
- 1H (Waasserstoff) oder 8O (Sauerstoff)
Well awer d'Symbol vum Element d'Uerdnungszuel souwisou eendeiteg bestëmmt, gëtt d'Uerdnungszuel an deer Form relativ seelen, a wann da meeschtens nëmmen Tabelleniwwersiichten, uginn.
[Änneren] Kuckt och
- Massenzuel
- Periodesystem vun den Elementer