Dario Moreno
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Dario Moreno, gebuer den 3. Abrëll 1921 als "Davi Arugete" zu Mezarlikbasi no bei Izmir an der Tierkei, gestuerwen den 1. Dezember 1968 zu Istanbul, war en tierkesche Pop-Sänger a Filmschauspiller.
Dem Dario Moreno säi Papp war vun tierkesch-jüddeschen Originnen a seng Mamm staamt aus Mexiko. Wéi den Davi e puer Méint al war, ass säi Papp gestuerwen a seng Mamm ass mat him an hiert Heemechtsland gaangen.
No Droit-Etuden huet den Davi eng Zäit an enger Affekoten-Etude geschafft. Mee niewelaanscht ass hien hot an har bei Fester opgetrueden an huet do Lidder zum Bescht eginn. A wéi dat sou geet, huet en amerikanesche Plakkeproduzent hien "entdeckt". Du goung et op den Tour. Eng Tournée an den USA an eng an Europa.
Den eigentleche Succès koum a Frankräich, wou hie grouss erauskoum. No an no koumen och Filmer derbäi. De Mockelege mam Schnurres, deen ëmmer gudder Déng war, gouf ëmmer méi bekannt. Hien huet a ville Sprooche gesongen an ass am Dezember 1968 an d'Tierkei gefuer fir Promotioun fir seng Placken op Tierkesch ze maachen. Do ass den Dario Moreno un engem Schlag gestuerwen.
No sengem Doud huet seng Mamm sech entscheet, fir hien an Israel begruewen ze loossen.
[Änneren] Seng gréisste Succèsen
- Istanbul (1954)
- Si tu vas à Rio (1958)
- Tout l'amour (1959)
- Brigitte Bardot (1961)
[Änneren] Seng Filmoptrëtter (Auswiel)
- La femme et le pantin, vum Julien Divivier mat der Brigitte Bardot
- Le salaire de la peur, 1952, vum Henri-Georges Clouzot mam Yves Montand, Charles Vanel a Peter van Eyk
- La Mome vert-de-gris, 1953, vum Bernard Borderie mam Eddie Constantine mam dem Howard Vernon, Dominique Wilms a Maurice Ronet
- Quai des blondes vum Paul Cadeac mam Michel Auclair
- Tous peuvent me tuer, 1957, vum Henri Decoin mat der Anouk Aimé
- Oh! que mambo, 1959, vum John Berry mat der Magali Noël
- Voulez-vous danser avec moi?, 1959, vum Michel Boisrond mam Henri Vidal, Brigitte Bardot a Noël Roquevert
- Candide ou l'optimisme au XXe siêcle, 1960, vum Norbert Carbonnaux mam Jean-Pierre Cassel an der Dahlia Lavi
- Le tout pour le tout, 1960, vum Patrice Dally mat der Karen Blanguernon an dem Dirk Sanders
- Marie des Isles, 1960, vum Georges Combret mat der Belinda Lee
- Tintin et le mystère de la toison d'or, 1961, vum Jean-Jacques Vierne mam Charles Vanel an dem Georges Wilson
- Le bon Roi Dagobert, 1963, vum Pierre Chevalier mam Fernandel an Gino Cervi