Alhazen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Abu Ali al-Hasan Ibn Al-Haitham (arabesch: أبو علي الحسن بن الهيثم, laténgesch Alhazen, gebuer ëm 965 zu Basra, Irak; gestuerwen 1039 oder 1040 zu Kairo), war e bedeitenden arabesche Mathematiker, Optiker an Astronom.
Ursprénglech zwecks Reguléierung vum Nil op Kairo un den Haff vum Al-Hakim beruff, huet hien et do bis zum Amt vun engem Wesir bruecht. Awer Muecht a Carrière hunn hien net esou gereizt ewéi d’Wëssenschaft. Well hien awer d’Grimmegkeet vum Al-Hakim gefaart huet, huet hie sech als geeschteskrank ausginn, fir säi Beamtenjob un de Nol ze hänken a sech am Haus vun der Wäisheet vum Al-Hakim der Wëssenschaft ze widmen. Nom Doud vum Al-Hakim am Joer 1021 ass hien, wéi duerch e Wonner nees gesond ginn.
An senge ville mathematesche Wierker beschäftegt hie sech mat de Problemer vun der Geometrie.
Vu grousser Bedeitung sinn awer seng optesch Experimenter. Den Alhazen huet den Opbau vum A analyséiert. Hien huet Bedeitung vun der Lëns am A erkannt an huet duerch wëssenschaftlech Experimenter d’Sehstrahlen-Theorie vu fréiere Wëssenschaftler widderluecht. Weider huet hien och erkannt, datt bombéiert Glas sech gutt als Vergréisserungsglas gebrauche léisst. Doduerch gëtt hien als Erfinder vun der Lupp ugesinn an huet wahrscheinlech mat senge Schrëften de Roger Bacon inspiréiert, dee méi spéit de Brëll erfonnt huet.
Den Alhazen entdeckt och datt d’Briechungsgesetz vun der Optik och fir d’Lofthüll vun der Äerd gëllt. Hie stellt och fest, datt de Mound um Horizont wéi um Zenit déi selwecht Gréisst huet. Hien huet erkannt, datt de schäinbar gréisseren Duerchmiesser vum Mound an Horizonthéicht eng Täuschung ass (Moundtäuschung). D’ Héicht vun der Atmosphär huet hien aus Observatioune vu Sonnenënnergäng berechent.
Den Alhazen huet nach Joerhonnerte spéider vill bekannte Wëssenschaftler mat senge Wierker inspiréiert, sou z.B. den Witelo, deen dem Alhazen säi berühmtent Wierk Kitab-al Manazir 1270 op laténgesch iwwersat huet. Och de Johannes Kepler war ee vu sengen Unhänger.
[Änneren] Weblinks
- http://www.optiker.at/archiv/museum/alhazen/alhazen.htm – Liewen aVerdingscht Ibn al-Haithams
- Biographie bei MacTutor (engl.)