André Mergenthaler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den André Mergenthaler, eigentlech André Mergen, gebuer zu Péiteng, ass e lëtzebuergesche Museker a Komponist.
Wéi de jonken André aacht Joer hat, huet säi Papp hien an d' Rodanger Musek an an d' Péitenger Musekschoul geschéckt. Do huet hien ugefaange mat Klarinett. No enger kuerzer Zäit huet hien ëmgesuedelt op Saxophon. Seng Léier huet hien dunn op de Conservatoire vun Esch-Uelzecht, Metz a Paräis gefouert. Duerno koume véier Joer op der Hochschule für Musik Köln, wou hien Cello studéiert huet.
Aacht Joer laang war den André Mergenthaler bei der Grupp Art Zoyd. Mat hinnen as hien an Europa (Kontinent), den USA an den Ostblocklänner opgetrueden. Nodeems hien nees a sengem Heemechtsland war, ass e meeschtens als Solist opgetrueden.
"Suites de Bach", eng Cello-Opféierung am Staadter Theater.
"Krieg und Frieden", eng musikalesch Soirée, mam André Mergenthaler um Keyboard.
1995 huet hien "Musik für einen Engel" opgefouert, eng eege Kompositioun.