Antares (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Antares, säin Numm
Den Antares, och α Scorpii genannt, ass deen hellste Stär am Stärebild Scorpius. Hie steet op enger Distanz vu 520 Liichtjoer vun eiser Äerd . Den Numm staamt aus dem Griicheschen a bedeit esou vill wéi „Ares entgéintgesat“. De Gott Ares gouf vun de Réimer Mars genannt, an den Antares huet souwuel eng ähnlech Farf, wéi och eng ähnlech Hellegkeet wéi de Mars. Déi zwee si liicht ze verwiesselen, well se sech och nach alle béid no bei der Ekliptik ophalen. Weider Nimm si Kalb al Akrab, a Vespertilio.
[Änneren] Hellegkeet
Mat enger schäinbarer Hellegkeet vun 0,96 mag ass hien deen 15.-hellste Stär um Himmel. Seng Absolut Hellegkeet ass -5,2 mag. Seng Surface ass relativ kill, d'Temperatur huet ronn 3400 Kelvin. Den Antares huet eng orangerout Faarf a strahlt vill onsiichtbaart Liicht Infrarout of. Den Antares huet déi 40.000-fach Liichtkraaft vun der Sonn. Seng Spektralklass ass M1, d'Liichtkraaftklass ass Iab.
[Änneren] Gréisst
Wéi déi meeschte rout Iwwerrisen ass den Antares e verännerleche Stär vum Typ My-Cephei-Stär. Aus der relativ nidreger Temperatur an der staarker Hellegkeet léisst sech schléissen , datt den Antares gewalteg Ausmoossen huet. Säin Duerchmiesser huet ronn 6,24×108 km (ronn 624 Millioune Kilometer). Domatter géif hien, op d'Plaz vun eiser Sonn gesat, bis iwwer d'Ëmlafbunn vum Mars ewechzéien. Den Antares zielt ewéi d'Beteigeuze zu den rouden Iwwerrisen. A senger derzäiteger Entwécklungsphas verléiert hie seng baussecht Gasschicht, a bilt dobäi e planetareschen Niwwel, den op Grond vun engem Begleetstär siichtbar ass.
Den Antares huet genuch Mass, fir beim Erreeche vum Heliumbrennen en Eisekär ze maachen, an an enger Supernova z'explodéieren, nach virum Ofstousse vun alle Gasschichten.
[Änneren] Diverses
Den Antares ass een Duebelstär. Am Wénkelofstand vun 2,6" ass beim Positiounswénkel vun 273° e blowäisse Stär (Spektraltyp B3V) mat der Hellegkeet vun 5,5 mag. D'Ëmlafzäit ass 878 Joer. Fir dëse Begleeder ze gesinn, ass en Teleskop vun wéinegstens 10 Zentimeter Objektivëffnung néideg.
Den Antares kann als ekliptiknoe Stär vum Mound, ganz seele vu Planéite bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung vum Antares duerch ee Planéit war de 17. September 524 v. Chr. duerch d'Venus, déi nächst ass de 17. November 2400, nees duerch d'Venus.
[Änneren] Zesummefaassung
- Schäinbar Hellegkeet: 0,96 mag
- Absolut Hellegkeet: -5,2 mag
- Rektaszensioun (Äquinoktium 2000.0): 16h29m24,40s
- Deklinatioun (Äquinoktium 2000.0): -26°25'55,0"
- Spektralklass: M1Iab
- Distanz: 520 LJ