Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Web Analytics
Cookie Policy Terms and Conditions Ares - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Ares

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Entspriechungen: Mars • Tyr

Dësen Artikel beschäftegt sech mam griichesche Gott Ares. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Ares (Homonymie).
Kapp vum Ares mat Helm, 4. Joerhonnert v. Chr..
Kapp vum Ares mat Helm, 4. Joerhonnert v. Chr..

Den Ares (gr.: ῎Αρης) war an der griichescher Mythologie de Krichsgott. Hie war de Jong vum Zeus an der Hera, an huet zu den zwielef olympesche Gëtter gezielt. Bei de Réimer gouf hie Mars genannt.

D'etymologesch Wuerzele vu sengem Numm sinn net kloer, Ares kéint "deen, dee verdierft" oder "de Rächer" heeschen. D'Figur vum Ares, deen ermuerd huet, kënnt wuel aus Thrakien an der Bronzezäit, si gëtt och mythologesch als seng Heemecht genannt. Schon a mykenescher Zäit (1600-1050 v. Chr.) war hien um griichesche Festland verbreed. Méiglech ass och, datt den Ares a virgriichescher Zäit e Fruuchtbarkeetsgott war, wat méi zu senger réimescher Entspriechung passt. Als ongeléifte Gott war hien an der Konscht wesentlech manner vertrueden, wéi säi réimeschen alter ego Mars.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Krichsgott

Als Jong vum Zeus an der Hera1 huet hien zu den zentrale Gestalte vun der griichescher Gëtterwelt gezielt. Den Ares gëtt als wëlle Krichsgott beschriwwen, de Gefalen un Zerstéierung a Massaker fonnt huet, a sech zum Deel och bei de wëllen Déieren opgehalen huet, fir hirt Blutt ze drénken. Während d'Athena, d'Gëttin vun der Wäisheet a vum Krich, éischter fir den heroeschen Deel vum Krich stoung, war den Ares en däischtere Gott. Hie war aggressiv, grausam, onbarmhäerzeg an huet sech dacks an d'Kricher vun de Stierflechen agemëscht, an hire Kampfgeescht weider opgestachelt. Blesséierter huet hien an den Doud geschéckt. Sträit, Stied déi geplëmmt goufen, d'Geräisch vu Waffen, all dëst huet him gefall - fir ween hien am Endeffekt Partei ergraff huet. war him egal. Mat der schéiner Konscht vun den anere Gëtter konnt den Ares nëmme wéineg ufänken. Mat sengen Eegeschafte war hien och bei den aneren olympesche Gëtter onbeléift an zum Deel esouguer gehaast.

Am Géigesaz zum Mars gouf den Ares a Griicheland kaum veréiert, all Krich gouf schonn als Huldegung gezielt. Selen Ausnahme sinn zum Beispill den Areopag, woubäi dëst och mythologesch z'erkläeren ass. Den Areopag gouf vum Ares gegrënnt, nodeems hien den Halirrhothios erschloen hat, dee sech un der Alkippe vergraff hat. Hie gouf vum Poseidon ugeklot, mee well ët keng Zeie gouf, an d'Alkippe déi selwecht Versioun wéi hire Papp erzielt huet, gouf den Ares an dëser éischter Verhandlung fräigeschwat.

Aner Kultstätte gouf ët an Ätolien, Thessalien oder zu Athen, am peloponneseschen Hermione stoung eng Kultstatu vum Ares.

[Änneren] Personifizéiert Männlechkeet

Obschonns den Ares als Krichsgott bei de Gëtter an de Mënsche verhaasst war, sou huet hien iwwer d'Verkierperung vum Krichshandwierk, wat de Männer virbehale war, och als Symbol fir d'männlech Kraaft a Schéinheet gegollt.

Ares Ludovisi, ca. 320 v. Chr..
Ares Ludovisi, ca. 320 v. Chr..

Mythologesch gëtt dëst a senger Bezéiung mat der Aphrodite däitlech. Dëst, déi mam Gott vun der Schmëtt Hephaistos bestued war, huet sech vum Ares ugezu gefillt, a si haten eng laang a leidenschaftlech Affär. De Sonnegott Helios huet dem Hephaistos Bescheed gesot, an dësen huet seng ganz Handwierkskonscht benotzt, an en Netz gebaut, mat deem hien den Ares an d'Aphrodite in flagranti erwëscht huet. Déi zwee Schëlleg goufen denen anere Gëtter virgefouert, déi sech allerdéngs um Hephaistos seng Käschte lëschteg gemaach hunn, an näischt ënnerholl hunn.

[Änneren] Den Ares an déi aner Gëtter

A verschiddene Varianten ass den Eros, de Gott vun der Léift mat Pfeil a Bou, de Jong vum Ares mat der Aphrodite. Ausserdem sollen déi zwee nom Hesiod2 och d'Kanner Anteros (Gott vun der onerwiderter Léift) an Harmonia (Gëttin vun der Eintracht) gehat hunn, souwéi dem Ares seng wichtegst Begleeder Deimos (Gott vum Grauen), Phobos (Gott vun der Angscht) an Enyalios (Gott vum Kampf).

Wéi bei denen anere Gëtter goufen och dem Ares vill Affäre mat Stierflechen an Onstierflechen nogesot. Hei ginn ënner anerem d'Eris, d'Eos a vill Stierflecher ernimmt.

Zu séngen alliéierten hunn den Hades, den Herrscher iwwer d'Ënnerwelt, d'Ker, d'Gëttin vum gewaltsamen Doud an d'Ate, d'Gëttin vun der Verblendung.

Am Trojanesche Krich war hien op der Säit vun den Trojaner, huet sech awer, nodeems hie blesséiert gi war, missen aus dem Kampf zeréckzéien. Um Olymp gouf hie spéider vum Asklepios behandelt an huet sech vu senger Schwëster Hebe buede gelooss.

D'Amazonen, déi no bei Thrakien hir Siedlung haten, goufen och mam Ares als Stammpapp a Verbindung bruecht.

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Ares – Biller, Videoen oder Audiodateien

[Änneren] Notizen a Referenzen

1: Hesiod, Theogonie.
2: Hesiod, op.cit.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie.
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu