Himmelskierper
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Himmelskierper ass en astronomeschen Objet, dee vun der Astronomie an der Astrophysik ënnersicht gëtt.
Astronomesch Objeten ëmfaassen Himmelskierper, Raumfluchkierper, kosmologesch Objeten an astronomesch Elementer vun der Himmelsmechanik.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Himmelskierper
Himmelskierper ass eng Sammelbezeechnung fir all ausserirdesch natierleche Kierperen, wéi Planéiten, Mounden, Asteroiden, Koméiten, Meteoritten, Meteoriden, Stären (z. B. d’Sonn) a Stäresystemer.
Observatioun am Sonnesystem | Observatioun baussent dem Sonnesystem | ||
---|---|---|---|
Eenzelobjeten | Systemer | Strukturen | |
|
|
|
|
- D’Fro, ob Schwaarz Lächer och zu den Himmelskierper gezielt ginn, ass ongekläert.
[Änneren] Raumfluchkierper
Objeten am Sënn vun der Raumfaart si Raumfluchkierper.
- Satellitten
- Raumfähren: Bis elo ass nëmmen de Space Shuttle (USA) zum Asaz komm.
- An dem zukënftege Sënn all Raumschëffer
- Raumstatiounen: Saljut 1–7 (UdSSR) (1971 bis 1986, †1991) , Skylab (USA) (1973–1974, †1979) , Mir (UdSSR) (1986–1999, †2001), ISS (international) (1998)
- Raumsonden
[Änneren] Kosmologesch Objeten
Dat sinn Objete vun der Kosmologie, wéi déi prinzipiell Strukture vum Universum, (Filamenter a Voids) an – bis elo – nach hypothetesch oder an hirer Natur nach net ganz geklärten Objeten, wéi Schwaarz Lächer, Donkel Matière; kuckt och: Urknall, Stréngtheorie.
[Änneren] Andeelung no der Distanz
Eng Orientéierung vun eenzelne Fachgebidder vun der Astronomie:
Objete no bei der Äerd:
- Atmosphäresch Objeten: Bis zu der Exosphär (500 an 1000 km)
- Meteoren, Stärschnäizen, Boliden, Meteoriten, Low-Earth-Orbit-Satelliten
- Äerdorbital Objeten: Bis zur Distanz vun enger geostationärer Ëmlafbunn (ca. 36.000 km)
- méi héich Äerdsatelliten, Orbitalmissiounen
- Äerdno Objete: Bis zur Moundbunn (ëm déi 400.000 km) oder – no anere Gesiichtspunkten – bis zum bannenzechte Lagrangepunkt (also virrangeg dem Äerdmagnetismus ënnerworf: ca. 1,5 Milliounen km vun der Äerd)
- Äerdmound, Raumfaartmissiounen vun der Moundfuerschung, Äerdbunnnkraizer
Solar Objete:
- Objete vum banneschten Sonnesystem: Bis zu der Asteroidenceinture (ongeféier 450 Milliounen km = 3 AE)
- D'Sonn, bannescht Planéiten an hir Mounden, Äerdno Asteroiden: Amor-Typ-, Apollo-Typ- an Aten-Typ-, Arjuna-Asteroiden, Mars-Trojaner
- D'Asteroidenceinture als Grenz tëschent bannescht a baussescht Sonnensystem, Ceres (Zwergplanéit)
- Baussecht Sonnesystem: 7,5 Milliarden km = 50 AE
- Baussecht Planéiten an hir Mounden, Jupiter- an Neptun-Trojaner
- Transneptunesch Objeten (Kuiperceintureobjete) baussecht der Neptunbunn (30–50 AE): D'Kuiperceinture mat dem Pluto an Eris (Zwergplanéiten) als Haaptvertrieder,
- Randberäich vum Sonnesystem: Sonnewäit Objete bis zu der Heliopaus, ongeféier 100.000 AE = 1,5 Liichtjoere
- D'Oortsche Wollek
- Laangperiodesch Koméiten an aperiodesch Koméite mat hyperbolescher oder parabolescher Bunn, déi d'Sonnesystem wäitleefeg duerchfléien.
Extrasolar Objete: Objete baussent der Grenz vun eisem Sonnensystem (Deep-Sky-Objete).
- Objete vun der galaktescher Noperschaft:
- No Stären (ronn 15 Lj)
- Déi Lokal Blos (ëm déi 300 Lj)
- Galaktesch Objeten: E Beräich vun 100.000 Lj (30 kpc)
- D'Mëllechstrooss an hir direkt Begleeder, wéi d'Grouss Magellanesch Wollek an déi Kleng Magellanesch Wollek
- Extragalaktesch Objeten:
- Lokal Grupp (den Andromedaniwwel an e puer kleng Objeten)
- Virgo-Superkoup (ongeféier 100 Galaxiekéip, ronn 200 Millioune Liichtjoer Duerchmiesser), Grouss Mauer (Astronomie)
- Filamenter a Voids (déi gréissten bis elo bekannte Strukture vum Universum)
[Änneren] Astronomesch Elementer
Astronomesch Elementer sinn ausgewielten immateriell Objete vu geometrescher Natur. Si déngen zu der Definitioun vun Astronomesche Koordinatensystemer an der Lag zoueneen, zu der Ëmrechnung vun de Koordinaten, zu der Referenzéierung an zu der Berechnung vu Bunnnelementer a Bunndate vun engem Objet, dem Zäitpunkt vun Astronomeschen Evenementer souwéi de Bewegungen an de Stellunge relativ zu dem Standpunkt vum Beobachter (Ephemeriden). Rechentechnesch gi si awer genausou wéi materiell Objete behandelt.
- Referenzpunkten
- Baryzentre vu Systemer, Schwéierpunkte vu mëttleren an richtegen Objeten, Galaktesche Mëttelpunkt
- Haaptstellungen: Fréijoerspunkt (Äquinoktium, Hierschtpunkt), Solsticen (Sonnewend: Summersonnewend, Wantersonnewend), Apsiden (Apoapsis, Periapsis), Kniet (besonnesch de Moundknuet), Kulminatiounspunkt, Konstellatiounen: Konjunktioun, Oppositioun (Syzygium), z. B. Vollmound, Neit Liicht.
- Polen (Ekliptikpolen, Himmelspolen, Zenit, Nadir), Himmelsrichtungen (Südpunkt, Nordpunkt, Ostpunkt, Westpunkt)
- Referenzlinien
- Solsticelinn, Apsidelinn, Knuetlinn; Viséierlinn (Bléckrichtung), Loutrichtung
- Raumkurven
- ideale an oskuléierend Kurven
- Ëmlafbunn (Orbit), Keplerbunn, Hodograph
- Referenzgläicht
- Gläichten, déi mëttel Zoustänn gestéiertr Bunnen, d'Laggläicht vun engem Objet oder aneren Daten beschreiwen
- Galaktesch Gläicht, Ekliptik, Bunngläicht; Äquatorgläicht (Himmelsäquator), Horizont, Meridiangläicht
- Referenzsurfaceen
- Kierper, déi am allgemengen dozou dengen, fiktiv Mëttel Objete ze definéieren:
- Geoid, Selenoid