Beata Szalwinska
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Beata Szalwinska, gebuer de 6. Februar 1966 zu Warschau, ass eng polnesch Pianistin, déi zënter 1999 zu Lëtzebuerg lieft a mat engem Lëtzebuerger bestuet ass.
Si huet eng international Concerts-Tätegkeet (klassesch Musek) an huet ënnert anerem a Polen, an Däitschland, an der Belsch, an Dänemark, a Frankräich, zu Lëtzebuerg an an der Schwäiz als Solo an ënnert der Matwierkung vun enger Rei vu verschiddenen Ensemble gespillt. D'Beata Szalwinska ass och Member vum Lëtzebuerger Quintett Aconcagua, lauter Berufsmusiker, déi zu Lëtzebuerg an am Ausland optrëden.
Donieft gëtt si Pianosunterrecht an der Dikrecher Museksschoul. Si ass mam Jean Mühlen bestuet a wunnt zu Kielen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Hir musikalesch Ausbildung
- 1972-1980: Emil Mlynarski Musekschoul zu Warschau a Polen
- 1980-1985: Józef Elsner Secondary Music School mat der Professer Anna Radziwonowicz zu Warschau, Polen
- 1980-1985: Master of Arts - Frederic Chopin Academy of Music mat dem Professer Barbara Muszynska zu Warschau, Polen
- 1992-1993: Ecole Normale de Musique A. Cortot, bei der Marian Rybicki zu Paräis.
- 1992-1994: Conservatoire de Musique d'Olivier Messiaen beim Professer Sergiei Markarov
[Änneren] Hire Repertoire
Sie huet eng Preferenz fir Wierker vun de Komponisten: Beethoven, Chopin (Lauschtert), Liszt, Mozart, Rachmaninoff, Ravel, Schubert(Lauschtert), Szymanowski an Tschaikowsky.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Quintett Aconcagua, mam Beata Szalwinska als Pianistin
- Lëscht vu Pianisten