Bor
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eegeschaften | |||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Bor (Symbol B) ass e chemescht Element mat der Uerdnungszuel 5 am Periodesystem vun den Elementer.
Seng relativ Atommass ass 10,811. Bor mécht geschätzten 0.001% vun der Äerdkuuscht aus. Bor tendéiert dozu fir z'oxydéieren an ze hydrolyséieren wat vill vu senge Komponenten onstabil mécht.
Bor ka mam Isotop 11B och an der MNR Spektroskopie benotzt ginn. Bor huet 3 Valenzelektronen, seng genee Elektronekonfiguratioun as 1s2, 2s2, 2p1.
De Kovalenteradius ass 0.88Å an d'Elektronegativitéit laut Pauling ass 2,0.
Dacks gëtt zu Recht drophigewisen, datt Bor eng Elektronelück huet.
Bor as schwaarz an huet ee metallescht Ausgesinn. De Joseph Louis Gay-Lussac an de Louis Jacques Thénard an de Sir Humphry Davy hu Bor 1808 onoofhängeg vunenaner preparéiert (Ann. Chim. Physic. [1] 68,169 1808). Besser ass d'Derivat Borax bekannt gewiecht, wat bei den Araber Tinkal genannt gouf a bei Schmëlzungsprozesse seng Verwendung am 16. Joerhonnert fonnt huet. Bor fënnt een als Bestanddeel vu Mineralen a villen Deeler vun der Welt (Toskana, Chile, USA, Bolivien, Peru, Argentinien, Tierkei, Tibet an an Däitschland).
Am Joer 1926 gouf vum däitsche Chemiker Alfred Stock als éischt Borazin (-BH-NH-)3 endeckt a studéiert, wat an d'Chimiegeschicht als "Inorganesche Benzene" agaangen ass. Dëst Evenement kann een als Grondstee vun der Bor-Stéckstoff Chimie betruechten.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Roll a Verwendung
[Änneren] Borproduktioun
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Borsaier
- Borazin a Steckstoff-Boran
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Bor – Biller, Videoen oder Audiodateien |