Tierkei
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu der Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() |
![]() |
(Detailer) | (Detailer) |
National Devise: keng offiziell | |
![]() |
|
Offiziell Sprooch: | Tierkesch |
Haaptstad: Awunnerzuel: |
Ankara 3.582.000 (2003) |
President: | Ahmet Necdet Sezer |
Ministerpresident: | Recep Tayyip Erdoğan (AKP) |
Fläch: | 779.452 km² |
Bevëlkerung: - Total: - Bevëlkerungsdicht: |
Op 17. Plaz 68.893.918 (2004) 88,4/km² |
Onofhängegkeet: | vum Osmanesche Räich 29. Oktober 1923 (ausgeruff) 22. September 1908 (unerkannt) |
Nationalfeierdag: | 29. Oktober |
Währung: | Yeni Türk Lirası |
Zäitzon: | UTC+2 |
Internet TLD: | .tr |
International Virwahl: | +90 |
D'Tierkei (Eegebezeechnung Türkiye) ass den Nofolgerstaat vum Osmanesche Räich a goung nom Éischte Weltkrich aus dësem ervir. D'Tierkei ass eng laizistesch Republik. De Laizismus geet op de Staatsgrënner Mustafa Kemal Atatürk zeréck. Den Atatürk war bestrieft, duerch vill gesellschaftlech Reformen d'Tierkei no dem Virbild vun Europa ze moderniséieren.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Anatolien (Asia Minor), d'Landmass vun der heiteger Tierkei, war de Spillball vu villen Zivilisatiounen a Kinnekräicher an der Antikitéit. D'Seljuk-Tierke waren déi éischt tierkesch Force déi am 11. Joerhonnert als Eruewerer koumen, an déi sech no an no d'Byzantinescht Räich mat senger griichescher Populatioun a Kultur averleift huet.
[Änneren] Fréi Besiidlung vun Anatolien
[Änneren] D'Zäit vum Osmanesche Räich
[Änneren] Opstig (13.-17. Joerhonnert)
[Änneren] Niddergank a Jongtierkentum
[Änneren] Éischte Weltkrich an de Genozid un den Armenier an Aramäer
[Änneren] Grënnung vun der tierkescher Republik duerch den Atatürk
[Änneren] Zäit no der Atatürk-Ära
[Änneren] Geographie
Dee gréissten Deel vum tierkesche Staatsgebitt läit mat ca. 97 % op dem asiatesche Kontinent. Nëmmen 3% vun der Gesamtfläch (23.623 km²) sinn op dem europäesche Kontinent. Den asiatesche Landesdeel vun der Tierkei gëtt als Anatolien bezeechent an den europäeschen Deel als Thrakien.
[Änneren] Klima
D'Klima an der Tierkei kann als temperéiert bezeechent ginn, mat waarmen, drëchene Summeren a mat mëllen, naasse Wanteren. Bannen am Land sinn déi klimatesch Bedingungen awer dacks vill méi rau.
[Änneren] Politik
D'Tierkei ass eng parlamentaresch Republik. De President gëtt vun der Nationalversammlung fir e Mandat vu 7 Joer gewielt. De President ernennt de Premierminister.
De legislative Pouvoir läit an den Hänn vu 550 Deputéierten, déi all 5 Joer frësch gewielt ginn. Zënter 1946 gëtt et e Méiparteiesystem. Am tierkesche Parteiesystem gouf a gëtt et vill Verännerungen, beispillsweis duerch Verbueter vu Parteien duerch d'Verfaassungsgeriicht, haaptsächlech vun islamistesche Parteien. Zër Zäit gëtt et an der Tierkei 9 Parteien: DYP (konservativ), FP (islamistesch), HADEP (kurdesch Vollekspartei), MHP (nationalistesch), ÖDP (sozialistesch), ANAP (rietsliberal), CHP (lénksnationalistesch), DSP (lénksnationalistesch), AKP (gemiessegt islamistesch-konservativ). Aus deene leschte Walen ass d'AKP als stäerkste Kraaft ervirgaangen, mat 34,4% vun de Stëmmen, wat hir awer no dem tierkesche Walsystem 3/4 vun alle Parlamentssëtz abruecht huet (fir Verfaassungsännerunge brauch een eng 3/4 Majoritéit).
D'Tierkei sicht als Memberstaat an d'Europäesch Unioun eranzekommen. Den 3. Oktober 2005 sinn d'Debate mat der Tierkei iwwert esou en EU-Bäitrëtt ugaangen, den [11. Dezember]] 2006 sinn awer 8 vu 35 Verhandlungsberäicher nees op Äis geluet ginn, well d'Tierkei hiert Versprieche gebrach huet fir seng Häfen a Fluchhäfe fir Zypern opzemaachen. Formell ass den Ausgank vun esou Verhandlungen nach op, well Viraussetzung fir en EU-Bäitrëtt sinn d'Fortsetzung vun de just ugefaangene Reformen, eng radikal Verbesserung vun der Mënscherechtssituation, d'Agestoe vum Vëlkermuerd un den Armernier an d'Ënnerschreiwe vun engem Ofkommen iwwert eng Zollunioun mat den 10 neien EU-Memberstaaten, dorënner och d'rout Duch Zypern.
[Änneren] Politesch Konflikter
[Änneren] Doudesstrof a Folterungen
[Änneren] Kurdekonflikt
[Änneren] Zypernkonflikt
[Änneren] Verwaltung
D'Regionalverwaltung ass an der Tierkei an 81 Provënzen ënnerdeelt, déi alleguerten duerch e Gouverneur (Vali) verwalt ginn. Déi eenzel Provënze si weider an eenzel Bezierker a Gemengen ënnerdeelt. D'Bezierker gi vun engem Kaymakam geleet, dee vum Innenminister ernannt gëtt. D'Buergermeeschter an Duerfcheffe gi vum Vollek gewielt. D'Autonomie op den ënneschten Ebene gëtt ënner anerem duerch d'Feele vun eegene Geldquellen ageschränkt.
[Änneren] Economie
2002 huet d'Tierkei eng ganz grave economesch Kris matgemat. No enger Inflatioun vun ongeféier 50% huet ee méi wéi eng Millioun tierkesch Liras misse gi fir een eenzegen Euro. Den 1. Januar 2005 huet dofir déi nei tierkesch Lira (Yeni Türk Lirası) agefouert misse ginn. D'Inflatioun ass op 9,8% erofgaangen. Schwéier ze schaffe mécht der tierkescher Economie awer ëmmer nach déi vill Schwaarzaarbecht an de Schwaarzhandel, an den agraresch strukturéierten a wéineg entwéckelten Osten, wou ronn 40% vun den Aarbechtskräfte gebonne sinn.
- BIP: 409,7 Milliarden USD (dat ass knapps d'Halschent vum BIP vu Mexiko)
- BIP / Awunner: 6.094 USD (z. Verglach: Portugal läit bei 17.900 USD a Polen bei 12.000 USD)
- Recherche an Développement, a Prozent vum BIP: 0,64 %
[Änneren] Demographie
Zënter der Republikgrënnung am Joer 1923 ass d'Bevëlkerung vun der Tierkei séier gewuess. 1927 hunn an der Tierkei knapps 14 Millioune Mënsche gelieft, 2003 waren et der scho 70 Millionen.
[Änneren] Verkéier
D'Stroossen an der Tierkei hunn eng Längt vun insgesamt 413.724 km. Dovunner sinn 62.000 km Landstroossen, 350.000 km sougenannten Duerfstroossen an 1.800 km Autobunn.
[Änneren] Kultur
D'Kultur vun der Tierkei ass virun allem vum Islam beaflosst.
[Änneren] Militär
D'Tierkei huet déi drëttgréissten Arméi vun der Welt. De Militärbudget loung 2003 bei 12,1 Mrd. USD, dozou kommen nach Opwendungen, déi net am Budget ugi ginn. Dat sinn domadder méi wéi 5% vum Bruttosozialprodukt.
2001 gouf et beim tierkeschen Militär 514.850 Zaldoten. Dovunner sinn 391.000 Zaldoten Wehrpflichteger. Dozou kommen nach 180.000 Mann vun der Gendarmerie. D'Zuel vun de Reservisten an den Land-, Loft- a Séisträitkräfte bedréit 378.700 Zaldoten.
D'Landsträitkräften hu 402.000 Mann ënnert Waffen a si mat 4206 Kampfpanzer, 4859 gepanzerte Gefierer, iwwert 2000 Artillerie-Geschützen, 40 Kampfhelikopter a 422 Helikopter ausstafféiert.
[Änneren] Um Spaweck
Afghanistan - Armenien - Aserbaidschan - Bahrain - Bangladesch - Bhutan - Brunei - Taiwan - China - Georgien - Indien - Indonesien - Irak - Iran - Israel - Japan - Jemen - Jordanien - Kambodscha - Kasachstan - Katar - Kirgisien - Kuwait - Laos - Libanon - Malaysia - Malediven - Mongolei - Myanmar - Nepal - Nordkorea - Oman - Pakistan - Palästina - Philippinen - Russland - Saudi-Arabien - Singapur - Sri Lanka - Südkorea - Syrien - Tadschikistan - Thailand - Timor-Leste - Turkmenistan - Tierkei - Usbekistan - Vereenegt Arabesch Emirater - Vietnam - Zypern
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Dänemark - Estland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Holland - Island - Italien - Kanada - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Norwegen - Polen - Portugal - Rumänien - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Tierkei - Ungarn - USA