Botter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel zum Thema Gastronomie an Iessen ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() |
Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart w.e.g. mat ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (Les Meloures), dee grad dru schafft. |
Botter (vum griicheschen: βούτυρον, boútyron, Rannerkéis) ass e Mëllechprodukt dat aus Mëllechfetter a Waasser besteet. De Waassergehalt soll dobäi 16 % net iwwerschreiden. Aner Bestanddeeler vum Botter sinn d'Mëllechbestandeeler, Mëllechzocker, Mineralstoffer, Cholesterin, Proteinen, fettléislech Vitaminnen, Mëllechsäier, an Aromastoffer.
De Botter huet en héije Gehalt vun Uelegsäieren a kuerzketteche gesiedegte Fettsäieren.
Am Handel däerf de Numm Botter nëmme gebraucht gi fir Produkter déi aus Mëllech oder Ram hiergestallt sinn. Fir 1 kg. Botter ze maache ginn ongeféier 22 Liter Mëllech gebraucht.
Et gëtt haaptsächlech ënnerscheed tëschent:
- Bauerebotter (beurre fermier), deen um Baurenhaff an handwierklecher Manéier hiergestallt gëtt. Dëse Botter hält sech gewéinlech net ganz laang.
- Molkereisbotter, deen an der Molkerei gemaach gëtt a sech och net ganz laang hält.
- Pasteuriséiertem Botter, deen a Molkereie gemaach gëtt. Well an desem Botter keng Keimer méi dra sinn hält dee sech méi laang.
- Den Demi-Sel an deem tëscht 2 bis 5% Salz dra kommen an dem Botter e besonnesche Goût ginn. Dëse Botter hält sech relativ laang.
- Konzentréiertem Botter aus deem d'Fiichtegkeet erausgezu gouf, an dee bis 99% Fetter enthält.
- Der Bottermëllech, eengem Nieweprokukt dat nom rompen ufällt.
Fir de Botter gutt ze hale mussee grouss Temperaturënnerscheeder vermeiden, ideal si 5 °C. De Botter fänkt bei 31 °C. un ze schmëlzen.
Zu Lëtzebuerg ass de Präis vum Botter deen am Land produzéiert gëtt geseztlech festgeluecht fir dës zwou Kategorien:
- a) Beurre de marque « Rose » pasteurisé, Standard A, 1re catégorie (emballage rouge).
- b) Beurre de marque « Rose » Standard B, 2e catégorie (emballage vert).