Bréck vun der A13 zu Schëffleng
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Bréck vun der A13 zu Schëffleng ass eng Autobunnsbréck vun der lëtzebuergescher Autobunn A13 tëscht Schëffleng an Näerzeng. Bei der Bauverwaltung huet se d'Bezeechnung Ouvrage d'Art N° 43
Et ass eng Boubréck (Bowstring) mat dem Bou iwwert der Fuerbunn a si gouf 1994 a Betrib geholl.
Den Architekt ass de René Greisch an d'Conceptioun vun der Bréck gouf och vu sengem Bureau d'Etudes gemaach.
D'Betongsaarbechte goufe vun der Tralux ausgefouert.
D'Bréck huet eng Totallängt vun 171,9 Meter an d'Feldwäite sinn 29.2 m - 113.5 m - 29.2 m
D'Bréck geet iwwer den CR 168 an d'Eisebunnslinn L60 vun de CFL.