Autobunn A13 (Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
A13 - Collectrice du Sud, Saarautobunn | ||
Zeechen | N° | Verdeeler |
![]() |
Biff | |
![]() |
1 | Péiteng |
![]() |
2 | Suessem |
![]() |
3 | Déifferdeng |
![]() |
Tunnel Aessen | |
![]() |
Tunnel Éilereng | |
![]() |
4 | Éilereng |
![]() |
A4 Kräiz Lankelz | |
![]() |
5 | Lalleng |
![]() |
A4 Verdeeler Esch | |
![]() |
6 | Schëffleng |
![]() |
7 | Keel |
![]() |
8 | Bireng |
![]() |
A3 Kräiz Beetebuerg | |
![]() |
9 | Helleng |
![]() |
Tunnel Fréiseng | |
![]() |
10 | Fréiseng |
![]() |
11 | Altwis |
![]() |
Viaduc vun Altwis | |
![]() |
Tunnel Munneref | |
![]() |
12 | Munneref |
![]() |
Tunnel Markusbierg | |
![]() |
13 | Schengen |
![]() ![]() |
Viaduc vu Schengen; Däitsch Grenz ![]() |
Déi lëtzebuergesch Autobunn A13 (westlech vum Beetebuerger Kräiz Collectrice du Sud, ëstlech dervun Saarautobunn genannt) fänkt zu Käerjeng op der Biff un. (fréier Biffurcatioun vun de Nationalstrossen N° 5 an N° 51). Si ass 42,58 km laang. De westlechen Deel war 1994 fäerdeggestallt ginn, den ëstlechen eréischt 2004.
Si féiert dann duerch de Minettsbaseng laanscht Suessem, Éilereng, an Esch-Uelzecht.
Tëschent der Ausfaart Lankelz bis op d'Afzweigung fir op Diddeleng leeft si een Deel iwwer d'A4 op enger Längt vun ongeféier 2 km.
Vun hei dréint se an den Uelzechtdall a geet op der Héicht vu Schëffleng an Näerzeng iwwer dee Floss. Duerno leeft se duerch eng Parti vun der Keeler Gemeng weider op Diddeleng a Beetebuerg.
Nodeems se iwwer d'Kräiz vu Beetebuerg ewech ass, gëtt se duerch e Bypass kuerz ënnerbrach: Zënter Joren verhënnert eng Geriichtsaffär, an deeër d'Enteegnung vum Terrain, iwwer dee se sollt goen, contestéiert gëtt, datt d'Autobunn op e puer Honnert Meter fäerdeg gebaut ka ginn.
Duerno dréint se an den Dall vun der Gander deem se noleeft bis op Munneref. Op deem Deel ass se op den Terraine vun den Uertschaften Helleng, Fréiseng, dat zu engem Deel ënnerfuer gëtt, Uespelt an Altwis.
Si leeft weider laanscht Elveng, a Biermereng wou se duerch den Tunnel vum Markusbierg geet fir an de Museldall ze kommen.
Iwwer d'Musel geet se mam Viaduc vu Schengen iwwer d'Grenz fir op déi däitsch A8 ze kommen.
Autobunnen zu Lëtzebuerg | ||