Budapest
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Ungarn ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Budapest | |
---|---|
![]() |
![]() |
Land | ![]() |
Koordinaten: | 47° 30' n. B.; 19° 3' ë. L. |
Fläch: | 525 km² |
Awunner: | 1.695.000 (2005) |
Bevëlkerungsdicht: | 3.229 / km² |
Héicht: | 102 m i. NN |
Buergermeeschter: | Gábor Demszky |
Budapest ass d'Haaptstad vun Ungarn.
[Änneren] Geographie
D'Stad Budapest ass an zwee gedeelt a gëtt duerch d'Donau getrennt. Zwee Drëttel vun der gesamter Fläch vun der Stad leien op der Pester Säit vun der Donau, een Drëttel op der Budaer Säit.
[Änneren] Andeelungen
Budapest ass verwaltungstechnesch gesinn an 23 Bezierker agedeelt.
[Änneren] Geschicht
D'Geschicht vu Budapest, am Mëttelpunkt vun Ungarn, ëmfaast ongeféier 700 Joer. Als éischten Herrscher huet de Béla IV. Ufank vum 13. Joerhonnert e Palast op de Budaer Buergbierg baue gelooss.
1867 am Ufank vun der Epoch vun der kaiserlecher a kinneklecher éisträich-ungarescher Duebelmonarchie hunn zu Budapest knapp 300.000 Léit gelieft, di meescht dovunner op der Pester Säit. D'Stad ass lues a lues zu enger europäescher Metropol ginn.
Um Enn vum éischte Weltkriich war d'Duebelmonarchie zerfall an d'Economie zerstéiert.
1873 goufen di dräi Staddeeler Buda, Pest an Óbuda zu enger eenzeger Stad zesumme gedoen a bis zum 19./20. Joerhonnert huet d'Awunnerzuel sëch verduebelt.
[Änneren] Economie an Infrastrukturen
[Änneren] Demographie
Zu Budapest liewe bal 2 Millioune Mënschen, dat heescht all fënneften Awunner vun Ungarn.
[Änneren] Kultur
[Änneren] Kuckeswäertes
- Am Buergpalast, deen am Buergvéirel leit, fënnt ee wichteg Muséeën.
- Am imposante Gebai vun der Zentraler Maarthal kritt ee vum alldeegleche Geméis bis zum exotesche Gewierz alles ze kafen.
- Am Parlament kann een d'Helleg Kroun an Kréinungsinsigne kuke goen.
- D' Schlass Gödöllö ass dat zweetgréisst Barockschlass vun der Welt.
- Am Ungaresche Nationalmusée fënnt een alles iwwert di ungaresch Geschicht vun der Landnahm bis zur Neizäit.
- D'Synagoge an der Dohány Strooss ass di gréissten an Europa.
- Vun der Kuppel vun der St. Stephans Basilika, der gréisster Kierch vu Budapest, huet een e wonnerschéinen Panorama.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Amsterdam - Andorra la Vella - Athen - Baku - Belgrad - Berlin - Bern - Bratislava - Bréissel - Budapest - Bukarest - Chisinau - Dublin - Helsinki - Kiew - Kopenhagen - Lissabon - Ljubljana - Lëtzebuerg - London - Madrid - Minsk - Moskau - Nikosia - Oslo - Paräis - Prag - Reykjavík - Riga - Roum - Sarajevo - Skopje - Sofia - Stockholm - Tallinn - Tbilisi - Tirana - Vaduz - Valletta - Vilnius - Warschau - Wien - Yerevan - Zagreb