Cargolux
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||
---|---|---|---|
IATA-Code | CV | ||
ICAO-Code | CLX | ||
Sëtz: | Lëtzebuerg |
D'Cargolux ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft.
[Änneren] Geschicht
D'Cargolux (och als Cargolux Airlines International bekannt) ass am Mäerz 1970 gegrënnt ginn. Si ass ënnert anerem vun der Luxair, der Salen Shipping Group, der Loftleidir Icelandic matgegrënnt ginn an huet da mat enger CL-44 ugefaangen, déi am Ufank vu Lëtzebuerg aus an déi britesch Krounkolonie Hong Kong geflunn ass. Vun deer Zort Fligeren waren et der 1973 5 Stéck, datselwecht Joer gouf och eng DC-8 vu McDonnell Douglas kaaft.
1979 ass en Tournant an der Geschicht vun der Cargolux: Seattle liwwert déi éischt Boeing 747. 1984 gëtt déi lescht DC-8 aus dem Verkéier gezunn, während zur selwechter Zäit ëmmer méi 747'en agesat ginn. 1999 sinn et der schonn 10 an 2005 kënnt déi virleefeg lescht bäi.
[Änneren] D'Cargolux haut
D'Cargolux huet di weltwäit modernste Cargofliger. Et sinn dat 14 Maschinne vum Typ Boeing 747-400F.