Luxair
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||
---|---|---|---|
IATA-Code | LG | ||
ICAO-Code | LGL | ||
Sëtz: | Lëtzebuerg |
D'Luxair ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
1948 gouf d'Luxembourg Airlines Company gegrënnt, déi 1961 an Luxair - Société Luxembourgeoise de Navigation Aérienne emgenannt gouf. 1962 fänkt d'Gesellschaft mat Fluch-Operatiounen un. Déi éischt Linn war Lëtzebuerg - Paräis a gouf mat enger Fokker F-27 Friendship geflunn.
1967 gehéieren der Gesellschaft schonn 3 Fokker F-27 Friendship an eng Vickers Viscount. Mat der Zäit goufen dës Fligeren awer duerch Type vu Boeing an Embraer ersat.
1970 ass d'Luxair eng vun deene Gesellschaften, déi d'Cargolux matgrënnen.
De 6. November 2002 um 10:05 koum et zu engem schlëmmen Accident. Eng Fokker 50, déi vu Berlin koum ass an engem Feld bei Nidderaanwen erofgefall. Bei dësem Ongléck sinn 20 Menschen ëmkomm; nëmmen zwee Mënschen hunn iwerlieft. Wéi et zu dëser Katastroph koum, ass nach gréisstendeels onkloer.
Kuckt och den Artikel Luxair Fluch 9642 d'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] D'Actionnairen
Am Jor 2005 waren d'Luxair-Aktien folgendermoossen verdeelt: Luxair appartient en 2005 à :
- 23,1% Lëtzebuerger Stat
- 13,4% Banque et Caisse d'Épargne de l'État, Lëtzebuerg
- 13,2% Luxair an anerer
- 13,1% Dexia-BIL, Lëtzebuerg
- 13% Lufthansa
- 12,1% Fortis Banque, Lëtzebuerg
- 12,1% Panalpina World Transport
[Änneren] D'Luxair haut
- Haut huet d'Luxair eng modern Flott déi aus
- 8 Embraer ERJ-145,
- 2 Embraer ERJ-135,
- 2 Boeing 737-500, an
- 3 Boeing 737-700 besteet. (Stand Februar 2006)
- Am Jor 2007 soll d'Flott ëmgebaut ginn a besteet dann aus:
- 3 Boeing 737-700
- 0-1 Boeing 737-500
- 6 Embraer ERJ-145
- 3 Bombardier, DHC-8 Q400 (verlängert Versioun vum Dash-8) + eng Optioun op 3 anerer. Méi Informatiounen ënnert: (Méi Informatiounen iwwert den DHC-8 Q400 op däitsch).
[Änneren] Kuckt och
- Luxair Fluch 9642
- Fokker 50
- Embraer ERJ-145
- Bomardier DHC-8 Q400